Erkenntnis ist der erste Schritt …
Posted on March 13, 2008 by strawdog
Vun engem deen bei Microsoft schafft:
My only real complaint is that we OVER DID security. I want a switch that says…..
- Use Vista’s Maximum Security (I never would.)
- Lighten Up a Bit (You know, turn of UAC and such.)
- Make security on this vista box just like Windows XP
- Make me a GOD on this box (Super Grand Admin - I accept the responsibility.)
- Windows 98 Mode (TURN IT ALL OFF.)
Privat hunn ech jo e Mac, mee professionnell muss ech awer mat PCen schaffen … glëcklecherweis hu mer awer nach keen Vista. Mee wann, da wier sou en Switch bestëmmt super praktesch!
(via)
Filed under: Wired world
Also all déi Saachen kann een sech och zu - soe mer mol - 80% sou astellen, wann een sech bessi dohannert setzt, och bei Vista. Ech hun bis elo all Betriebssystem vun Microsoft genotzt, vun DOS iwwer Windows 3.11 bis Vista, an ech hat NI eng Firewall drop, NI e Virenscanner an trotzdem NI e Problem mat Viren oder Spyware.
De Problem ass einfach datt besonnech Vista engem otto-normal Benotzer eng gewëss Paranoia opzwängt, andeems souguer einfach Biller als potenziell Apocalypse duergestallt ginn, an dass all di “Sëcherheetsmoossnahmen” eben leider nët, wéi am Zitat beschriwwen, mat engem einfachen Klick kënnen ausgeschalt ginn, mais zum Beispill just iwwer manuell Agrëff.
Egal wéieen OS, et kënnt letztendlech haaptsächlech awer nëmmen op den Benotzer un.
Du has jo awer wuel opmanst en Anti-Spyware drop?
Well komplett ouni Protektioun fannen ech awer naiv, zumools fir Läit, déi guer näischt vun Computeren verstinn. Du schengs jo net an déi Grupp ze falen.