41%.
Posted on March 17, 2008 by strawdog
Selon Radio ass den Undeel vun Auslänner, déi hei am Land wunnen, lo bei 41% vun der Gesamtpopulatioun. Gët wirklech nach keng Zäit eis Sprooch ze promouvéieren, resp. ze schützen …
An et wärt schon bizarre sinn, wann op eemol 51% vun de Läit hei am Land Auslänner sinn. Sou laang kann dat jo net méi daueren. Naja, et kënt, wéi et kënt.
Filed under: Gesellschaft, Luxembourg
Ech schalte mettlerweil op stur. Entweder si verstinn mech op lëtzebuergesch, oder ech ginn erem eraus aus dem Geschäft.
Mir hun 3 offiziell Sproochen. Aus guddem Gronn.
Natirlech ass et wichteg, eng Sproch ze erhaalen, se ze pflegen an se ze schwätzen an ze schreiwen. Mee et ass nie méi dofir gemaach gin wéi haut!
Ech fannen net, daat en obgrond vun denen 41% soll an Panik verfaalen, well ob en elo Letztebuerger ass oder net, seet daat jo nach laang naischt iwert déi Sproochen aus, déi en kann. Daat fannen ech ziemlech pauschaliséiert, fir ze soen “Déi kennen all keen letztebuergesch!”.
Ausserdem muss en dann kucken, wéi gudd d’Meiglechkeeten sin, fir Letz. ze léiren: D’Couren sin iwerlaaf an et huet nach net jiddereen d’Meiglechkeet se ze besichen.
Déi 41% sin eng Realitéit. An et ass kengem ze verdenken, wellen an een gudd goudronéiert Stéierparadais wunnen wellen ze kommen, wann d’Regiounen ronderem allesamt strukturschwaach an “aarm” sin. Mee un Geschichten wéi “wirtschaftlech Hellef an der Groußregioun” huet bestemmt nach nie een geduercht, oder?
Ech schléisse mech dem Joël un.
Ech schléisse mech dem Thierry un. Ech maachen daat schon seit Joren. An ech schwätzen och Letzebuergesch matt den Vendeuren, wann se mer dann op franséisch äntweren, ass et fier mech okay. Sie ginn sech d’Méi, Letzebuergesch ze verstoen, dann kann ech mer och d’Méi ginn, franséisch ze verstoën. Mir treffen eis do quasi an der Mett.
Sorry fier meng schlecht Orthografi.
Ech schwätzen just op franséisch an de Butteker well ech soss nët kréien, wat ech wëll oder brauch …
An ech sinn nach ëmmer dofir, fir eis ëffentlëch Signalisatioun op Lëtzebuergesch ze man. Och en Auslänner versteet séier wat ‘zéien’ an ‘drécken’ heescht!
wann et elo 41% blonde schwedinnen oder brong brazilianerinnen waeren dann ging keen meckeren
Vu datt de Sproochentest fir Lëtzebuerger ze gi just e Witz ass, ass leider net dovun auszegoen, datt déi aner 59% och alleguerte Lëtzebuergesch kënnen. :((
@claud^e: Genee esou halen ech et och (ausser wat d’Schreifweis ugeet
@urbanrunoff: Dach, eis Fraleit géifen da meckeren :))