Die Inzestgeschicht aus Eisterräich ass jo op villen Niveauen verstéierend. Mee wat ech och extrem krass fannen, ass dass die 3 Kanner (eent dovunner 18 Joer) bis viru Kuerzem nach NIE selwer Dagesliicht gesinn hunn oder un der frëscher Loft woren … Komplett crazy.
De lëtzebuergeschen RTL weist den 1. Mee ‘Monsanto, mat Gëft a Genen’, den op lëtzebuergesch iwwersaten Documentaire ‘Le monde selon Monsanto’. Alleng dofir wäert ech mer en schon ukucken. An d’Thematik ass jo och net oninteressant. Gescheit agesat kann Gentechnik natiirlech eppes Guddes sinn, mee ech bezweifelen, dass dat ëmmer/oft de Fall ass. Eng Firma wéi Monsanto wëll jo mol haaptsächlech Benefice man. Sie sinn jo keng Caritas.
Coole Poster. Sinn op de Film gespaant.

Loscht eng ausgebuddelt Läich ze gesinn? Dann séier an Italien:
Der Leichnam des volkstümlichen Geistlichen war Anfang März exhumiert und danach für die Ausstellung in der Krypta der Kirche Santa Maria delle Grazie vorbereitet worden. Die Kapuziner, die den Kult um Pater Pio kommerziell nutzen, stoßen mit der geplanten Ausstellung des Leichnams auf Kritik.
Fir bësse Geld ze man, kann een och roueg eng Läich exhuméieren, déi zënter 40 Joër amgaang ze verwesen ass … Allerdëngs hunn se d’Gesiicht schéin mat Silikon rafistoléiert an de Rescht vum Kierper ass verstoppt.
Ah, Katholizismus. Einfach nëmmen Voodoo Deluxe.

Ech hu jo leider nie richteg Zäit kritt, fir die Serie richteg ze verfollegen, mee anscheinend ass et jo 1A Science-fiction mat religio/philosopheschen Momenter. Also usech perfekt fir mëch.
An dann ginn et och nach Verschwörungstheorien an Rätselen à la Da Vinci Code … Exzellent.
Rezent Kommentarer