Fakellaf.

(Schräift een dat sou?)

Momentan muss jo eng gewëss Fakel beschützt ginn, wéi wann se e Staatschef wier … Mee wat die manst wuel wëssen, ass dass de Brauch vum Fakellaf an der Neizäit vun den Nazien 1936 nees agefouert ginn ass … Jojo.

7 Responses to “Fakellaf.”

  1. Ass dat schlëmm? Ouni iergendeppes wëllen rofzespillen (!).

  2. En intressanten Artikel dozou hunn ech gëscht an der Zeit gelies:

    Der Fackellauf repräsentiere die Ernsthaftigkeit und Aufregung, mit der die Welt die Spiele erwarte, schreibt das Pekinger Organisationskomitee auf der offiziellen Homepage der Fackel (so was gibt’s wirklich!), sie verkörpere den olympischen Geist. Was war der noch mal genau? Ordentlich Geld zu machen? Oder: Gib autoritären Staaten, die ein Imageproblem, aber jede Menge Geld haben, eine super Gelegenheit für eine Propaganda-Show?

  3. Ech hat geduecht etwier iwerhapt emol d’Nazien gewierscht dei dat ganzt erfonnt hun mam Fakellaafen? Oder ass et dat am Altertum effektiv gin?

  4. federico:

    net onbedëngt … mir fueren jo och gären am VW Käfer, oder? ;)

    thierry:

    ech fannen et op alle Fall gudd, dass den Fakellaf sou den Läit d’Méiglechkeet gët, fir medienwierksam géint China ze protestéieren. an die chineschesch Bodyguards vun der Fakel sinn mer och net ganz geheier …

  5. Nee, Nazien hunn de Fakellaf erfonnt.

  6. Selon Wikipedia gouffen et awer sou ähnlech Fakeleef och schon bei den Griechen … just dass d’Nazi et rem opliewen gelooss hunn, villäicht bëssen reorganiséiert.

    Mee d’Nazi hunn sech jo definitiv mat Fakelen, Fändelen, etc auskannt …

  7. D’Nazien hu sou munches erfonnt/opliewe geloss, wat mer hautesdags trotzdem gutt fanne kënnen. Dat geet vum Fakellaf, iwwert de Käfer, bis hin zu Hugo Boss.

    An et sinn awer Idioten a Wolfsburg ass kack.

Leave a Reply