Apelkär.
Posted on April 10, 2008 by strawdog
Ech woer jo schon e grousse Frënd vun ‘Ghost in the shell’ deemools (an ech fannen deen nach ëmmer gudd), mee visuell ass den ‘Appleseed: Ex Machina’ (produzéiert vum John Woo) opmanst su gudd.Deen 3D am 2D-Anime-Look ass exzellent. D’Geschicht ass natiirlech par conter net immens subtil, mee dat ass zweetrangeg hei. Ech soen just: Cyborgs, Mechs, Bioroids an dat alles an engem futuristeschen Neo-Al-Griechenland. Cheesy? Jo. Cool? Jo.
7/10




Gesäit net schlecht aus, mol kucken op ech dee Film iergendwou fannen.
Wann der Ghost in the Shell gefall huet, kuck der mol Stand Alone Complex un, d’Serie déi um Film baséiert. Do ass net nemmen d’Animatioun gäil, mee d’Story(arc)s sinn och genial.
Kuck den Film wa méiglech am HD!
Ah jo, den Stand Alone Complexe hunn ech och irgendwou. Ech hat eng Kéier ugefaang, mee net färdeg gekuckt … Ech hunn Filmer léiwer wéi Serien heiandsdo, huelen manner Zäit
Ech sichen allerdengs lo den Ghost in the Shell: Innocence.
Kennen ech béides, fannen et och net schlecht.