Vreck! Deel 2.

Den ‘Komper’ huett mech an de Comments vu mengem ‘Vreck!’-Artikel drop opmierksam gemaach, dass et bei forum.lu eng Rëtsch PDFen aus der Zäit ginn, wou eng grouss Polemik em dee Dictionnaire entstane woer. An déi hunn et a sëch! Als Beispill, an Iwwerbléck, ass den Artikel vum Guy Rewenig ze recommandéieren.

Op där enger Säit ass et extrem interessant all die primitiv Ausdréck an Virurteeler ze liesen, wëll se eppes iwwert déi Zäit, an eis Vergaangenheet aussoen, mee ech ginn dem Guy Rewenig Recht, dass esou eppes näischt an engem Dictionnaire verluer huet! Eischter an enger Lëscht vun ale lëtzebuerger Sprëch …

Mee wéi och ëmmer, mir musse wirklech net mengen eis Virfahren wiere besser oder méi dichteg gewiescht wéi anerer!

3 Responses to “Vreck! Deel 2.”

  1. Mécht jo keen.

  2. Oh, do kennen ech awer ganz aner Lëtzebuerger ;)

  3. Ech son jidderengem et lo mol eng Kéier am Gudden, deen ëmmer sou “Do kennen ech awer ganz anerer”-Sprëch komme léisst: Dir haalt iech mat de falsche Leit op! ;)

Leave a Reply