Oh, die Amerikaner …
Eng réel Fro aus dem rezentesten TV-Duell tëschent dem Obama an dem Hillary, adresséiert un die zwee:
“When have you felt the Holy Spirit?”
Net ze gleewen ………………. Wou giffen soss nach sou Froen gestallt ginn, während engem présidentiellen Débat? Ausser am Iran? An natiirlech ass et eng Fangfro, well ët kann een jo nët zouginn, dass een den Hëllegen Geescht esou wéineg gespiert huet wéi dem Xenu säin Geescht.
D’Chrëschten mengen jo, dass den Hëllegen Geescht die Gleeweg guidéiert. E gëttlëchen GPS souzesoen. Alles schéin a gudd, mee firwat gleewen an braddelen se dann all eppes anescht? Schwätzt den HG dann lo mat den Katholiken? Oder mat de Baptisten? Mat den Protestanten? Mat den Orthodoxen? Oder suguer mat de Mormonen? Sie behaapten dat all an awer kënne se nët all Recht hunn, wëll sie widderspriechen sëch all méi oder manner ferme an den Détailer.
Oh, Herr, lass Hirn vom Himmel regnen …
Filed under: Politik, Religion/Philosophy
Si widderspriechen sech jo schon intern selwer, net nemmen am Bezuch op aner Reliounen.
thierry: du mengs intern an hierer Denominatioun? dat heescht d’Katholiken widderspriechen sech selwer, d’Baptisten sech och, etc?