Mighty Mouse sucks.

Sie gesäit jo gudd aus, mee sie ass SCHROTT. Den Scroll-’Nippel’ funktionnéiert d’Halschent vun der Zäit net an et gët kee Wee fir d’Riedchen propper ze man … Net alles, wat Apple mëcht ass gudd. Gët mengen ech Zäit fir eng Logitech-Maus.

Ech sinn jo soss mat mengem Mac ganz zefridden, mee die Maus SUCKKKKKKKT.

10 Responses to “Mighty Mouse sucks.”

  1. Menger Mamm hiere MacBook ass lo futti gaang. Aanescht gesot, e stierzt no 30 bis 120 Min Betriebszäit réigelméisseg of, start vu selwem nei oder et kommen rout Sträifen op de Bildschierm an e blockéiert komplett. Och während enger kompletter Nei-Installatioun vum Leopard geschidd dat, dofier denken ech dat et en Hardware Defekt ass.
    Dat “Schéint” ass, d’Garantie ass wuel réit vierun max. 3 Méint ofgelaf. DAT suckt!

    Mol kucken wat se haut am Geschäft wäerte soën … ofgesin dovun denken ech mer bei all Apple-Produit deen ech mer kaafen ëmmer rem op en neits dass ech dat fuechtbar fannen ob sou deier Saachen nëmmen 1 Joër Garantie ze ginn, ausser et keeft ee sech fier bal 400 € (!!!) fier en MBP (als Beispill) 2 Joër Garantie dobäi. Mais et denkt ee sech jo ëmmer “mir geschidd dat net” … Wann dat nët bessi verarscht ass …

  2. Check dat mol, mee ech mengen all Produit muss dach lo 2 Joer Garantie hunn (europäëscht Gesetz oder sou)? Mam AppleCare kënns de am Fong just vun 2 op 3 Joer.

  3. Dat ass scho relativ laang Gesetz, wann ech mech richteg u meng Civique Coursen op 2e erenneren. Këmmert Apple awer net, déi ginn trotzdeem nemmen 1 Joër Garantie. Mam Apple Care kenns de vun 1 op 3 Joër.

  4. An dat ass scho besser wéi näicht.

    Mee ech hat bei der Iwwerschrëft scho geduet, hei géif d’Mighty Mouse, déi dem Andy Kaufmann säi berühmtesten Optrëtt inspiréiert huet, gedisst ginn. Da wier ech awer béis ginn. ;)

  5. Dat mat deem Gesetz wosst ech net. Hun ech dann do iergendeng Chance, awer eng gratis Reperatur kënnen ze verlaangen?

  6. Ech weess net, mee fro mol bei der ULC no (Konsumenteschutz)?

  7. Dat mat den 2Joër Garantie hun ech och well héieren. Vlait misst do eng Sammelklo géint Apple kommen oder wat wees ech, dass se dat och akzeptéieren (mussen) ;)
    An ech hun meng Mighty Mouse vun mengem iMac mol guer net an den Gebrauch geholl, well ech déi an der Schoul well probéiert haat an se mer einfach net zouseet. Ergonomesch wéi fonctionnell net.
    Logitech rules :D

  8. Tipp fir dem Grommel seng Mighty Mouse erëm un d’Goen ze kréien:
    Géih an di nächst Apdikt eng kleng Fläsch (100 ml) Alcool Isopropylique kafen - kascht 2,5 Euro a huel en Kichenduch, mach dat mat dem Alcool Isopropylique e bëssche fiicht a reiff de Scroll Nippel vun der Mighty Mouse e puer Mol fest dodriwwer… ech hunn et och esou gemaach… Duerno fonctionéiert den Scroll Nippel erëm einwandfrei. Garantéiert!!! ech machen dat regelméisseg esou; gleef mer et!

  9. Hei nach e Link (well iwwert de Weekend net all Apdikt op huet):

    http://docs.info.apple.com/article.html?artnum=302417-de

  10. xpepe: merci, probéieren ech mol.

Leave a Reply