Infinity. And beyond.

Emmer rem faszinant festzestellen, dass et këng gréissten Zuel gët. An dass suguer en Gott se duerfir net kënne kann. Dat Selwecht gëlt fir onendlechen Raum. Wann Gott onendlëch grouss ass, dann kann hien sëlwer mol net wëssen, wéi grouss en wirklech ass.

Sou, an lo ginn ech schlofen. Gudd Nuecht.

10 Responses to “Infinity. And beyond.”

  1. Erennert mech un: http://skatje.com/?p=382

  2. Jo, dat ontologëscht Argument ass och net der Weisheit letzter Schluss. An suguer wann een domadder feststelle kéint, dass ‘Gott’ existéiert, sou ass domadder nach laang net gesot, dass dëse ‘Gott’ deen Clown aus der Bibel ass.

    Dat wier dann éischter e Gott am pantheistesch Sënn, wéi och den Einstein sëch en virgestallt huet. An firwat sollt een och esou en Gott ausschléissen? Allerdengs ass dat eppes ganz anescht, wéi en Bopi mam laangen Baart …

    Nujee, mir wäerten, falls iwwerhaapt, méi wëssen, wann mer doud sinn.

  3. Du ennerstells Gott, dat säin Verstand un dei selwescht Limiten gebonnen ass wei däin egenen?

  4. patrick:

    Net onbedengt. Mee ech huelen un, dass suguer e Gott un Logik gebonnen wier, sou dass en zb net die gréisstméiglech Zuel kenne kéint, well et déi jo einfach net gët. Wéi kéint en se also wëssen?

  5. Gott ass e Konzept wat mir Menschen erfont hun well mer Saachen net verstinn an trotzdem eng Erklärung wollten. Wann een dem Konzept also trei ass muss een accepteieren dat Gott Sachen kann a wees dei mir net kennen an net wessen an net verstinn.

    Diskussiounen iwwer Gott sinn dofir par nature onsenneg, well den Konzept vu Gott eben just viraussetzt dat mir et net verstinn. Also kann een et glewen oder net, awer net diskuteieren, well do näischt eraus kommen kann.

  6. Bon, dat ass net falsch. Spekuléieren an philosophéieren wäert jo awer net verbueden sinn ;)

    D’Konzept vun der Onendlechkeet, suwuel wat Zifferen, Raum oder Zäit ugeet, fannen ech einfach faszinant an ‘mind-boggling’ :)

  7. Onendlechkeet, daat ass am Summer op enger Wiss léien an an d’Stären kucken. An wessen, awer net wirklech glewen wellen, daat daat Liicht vun Stären kennt, déi et vlaischt schon guer net méi ged, an daat et emmer an emmer an emmer weider geht an daat en selwer manner wéi en Stepskär an dem ganzem ass.

    Onendlechkeet, daat ass sech an sengen eegenen Gedanken verrennen an mierken, daat d’Gehier een wonnerbaart Organ ass, daat iwert seng eegen Grenzen hinaus kann wierken.

    An dann soll et en Gott gin, deen daat alles gemaach huet? Wéi langweileg.

  8. Hänkt dovunner of, wéi een Gott definéiert.

    Wann Gott eppes, wéi den Bopi mam laange Baart ass, dann jo. Wann Gott alles an alles Gott ass, dann fannen ech dat net onbedengt langweileg.

  9. Mhmm, daat kennt e bessen op den Konzept vun engem “Universum-Organismus”, nee? Daat ass jo am Fong just d’Idee vum “Weltgeist” weider entweckelt.
    Wiesou net. D’Idee, daat den Universum en Bewosstsinn huet, gefällt mir ;-) Nach vill méi awer, daat den Universum just eng Zell vun engem Organismus ass ;-)

  10. Dat eenzegt, wat fir mëch e gëwesse Sënn mëcht ass Pantheismus, respektiv Panentheismus. All die aner Glawenskonstrukter sinn vill ze vill simplistesch an anthropomorph a mengen Aan …

Leave a Reply