Al Bicher?

Huet een eng Iddi, wat ech mat ale Bicher (oder Bicher, déi ech net méi brauch) maachen kann amplaz se just an de Recycling Container ze geheien? Kéint een déi irgendwou ofginn, wou Läit nach eppes kéinten domadder ufänken? Falls iwwerhaapt nach eng Intérêt fir Second-Hand Bicher irgendwou besteet?

8 Responses to “Al Bicher?”

  1. Et ged d’Idee vum Bookcrossing, waat zwar eischter d’idee vun enger globaler Biblitheik huet, wéi “ech gin meng aal Bicher lass”, mee et kann en et secher och dofir benotzen.
    Du feens do ennert bookcrossing.com méi.

    Soss gin et vlaischt emmer Bibliothéiken, déi néi gegrennt ginn (z.B. zu Ettelbreck), déi sech vlaischt iwert Exemplairen freen geifen. Zu Viannen ass all Joer en Bichermaart/fest, organiséiert vum Naturpark Our, do keins de der vlaischt och lass gin?

    Wann et interessant Bicher sin, verspill/verschenk se um Blog.
    Den gudden aalen Ebay ged et och nach emmer.

  2. Dat mam Verschenken um Blog ass eng Iddi. Allerdëngs hunn ech keng Loscht Porto ze blechen ;)

    Ech kéint et natiirlech och wéi mat mengen DVDen man, déi ech net méi wollt. Ech hunn se ennen bei d’Trap vum Appartementshaus mat engem Ziedel geluegt. No 2 Deeg woren se bal all fort.

  3. Zu Basel war et sou datt d’Leit all puer Wochen déi Bicher an Zeitungen virun hier Hausdier geluecht hun fir d’Pobeiersammlung, an da konnst de den Dag virdrun dech zervéiren, dat hun ech cool fonnt.
    -
    Ech mengen datt d’Leit och nach kee Problem hätten e Buch sichen ze kommen wann se drun intresséiert sin. Letzebuerg ass jo nach net allzegrouss, an di meescht (ausser ech) si jo ab und zu am Ländchen

  4. Ged et héi zu Letz. dann keng belleg “Buchsendung” wéi an Daitschland? Mee sichen kommen ass natirlech och eng gudd Idee. Se irgendwou hinleen an drop waarden, daat en se hellt, ass natirlech och eng Idee, kennt e bessen op Bookcrossing erraus, ass eben just net esou flott.

  5. Wann s de a UK wiers, géif ech jo soen, bréng se Oxfam, mee sou wees ech net ob s de dat vu Lëtzebuerg aus maache kanns…

  6. Et hängt jo wahrscheinlech vun den Titelen of, déi s du unzebidden hues. Vläicht sinn di heiten jo och méiglech Abnehmer oder Uspriechpartner: http://www.mierscher-lieshaus.lu
    http://www.freed-um-liesen.lu/

  7. georges: Merci, kucke mer die Links mol un!

  8. Wann d’Sue kee Probleem ass kanns de e puer Bicher u Charityshops schécken, sou wéi de Chris scho fir Oxfam gesot huet.

    Wann s de och akademesch Bicher hues, kéins de se och eventuell Proffen oder Bibliothéike schécken. (Nofroen)

    Al Zeitunge kanns de dengem (Zänn)dokter ginn. (Nix speck, tho)

Leave a Reply