Wuerm am Apel.
Posted on May 8, 2008 by strawdog
Näischt ass perfekt, och net Apple. Muss ech jo leider zouginn.
Vun engem Dag op deen aneren léisst den Download vun Bittorrents den System freezen. Ech kann zwar nach an den ‘Force Quit’ goen, mee ech kann näischt uwielen. Bleift mer näischt anescht iwwereg, wéi den Computer ganz auszeman an nees ze starten. Net cool. Fir d’éischt woer de Problem just am Miro, duerfir duecht ech et giff un deem leien. Dunn sinn ech op den Transmission geswitcht, dat ass dunn eng Zäit gaang mee lo mécht deen die selwecht Mucken an freezt den System!?
Huet ee vun iech Macianer eng Iddi, wat de Problem si kéint?
Merci!
Filed under: Wired world
Hm ass nawell blöd. Wahrscheinlech ass et seit engem vun den Apple updates ouni dass de et gemierkt hues? Wat fir en torrent programm gebrauchst de?
Maja, suwuel Miro wéi Transmission. Fir d’éischt woer de Problem just am Miro, den Transmission ass gaang. Lo ass en och beim Transmission
Vläit benotzen di zwee Programmer jo di selwecht Bibliothéiken. Ech kann et net oft genuch soen, mais säit ech selwer en iPod & MacBook hun, sou wéi och meng Mamm (deen jo futti ass), sinn ech zimmlech erniichtert wat Apple ugeet. Hier Reklammen sin vläit op Hochglanz, mais hier Produkter nët.
Ech sinn trotzdem zefridden domat, well et passéiren nët méi Fehler wéi op engem Windows-baséiertem System, mais “Apple ass perfekt” ass e Mythos.
PS: Dass du sees, dats de “leider” muss zouginn dat Apple nët perfekt ass, ass jo och typesch fier hier Unhänger
Et gëtt sëch jo réit säit kuerzem getraut, och mol ze soen dat den User nët selwer Schold ass.
Hm, ech weess net ob ech dee Problem schonn hat, well ech zimlech seelen BitTorrents downloaden. Hues du och ëmmer di neiste Versioun vun den Apps? Ech si mam Miro ganz zefridden a benotzen och nach den Azureus: http://azureus.sourceforge.net/
An deem do Fall géif ech den Drive Genius driwwer laafe loossen… defragmentéieren asw.
http://www.prosofteng.com/products/drive_genius.php
De Problem ass, dass d’Prefs vu BitTorrent riskant ze läschen sinn
Firwat wir dat riskant?
well sech do evtl. gespäichert Donnéen dra befannen.
Du kanns jo mol de Risiko agoen, well, wann ech dech richteg verstaanen hunn, leeft et sou oder sou net méi. Hues de schon mam FestplattenDienstprogramm (Utilities) probéiert, d’Rechter ze reparéiren? Wa jo, da bleiwt der nach just den Drive Genius.
well sech do evtl. gespäichert Donnéen dra befannen, déi fir dech netzlech sinn.
Du kanns jo mol de Risiko agoen fir se ze läschen, well, wann ech dech richteg verstaanen hunn, leeft et sou oder sou net méi.
Hues de schon mam FestplattenDienstprogramm (Utilities) probéiert, d’Rechter ze reparéiren? Wa jo, da bleiwt der nach just den Drive Genius.