Die meescht Läit hu jo irgend en Hobby oder eng Faszinatioun an kéinten dofir als Nerd bezeechent ginn (besonnesch natiirlech, wann et scho bal obsessiv gët): Auto-Nerds, Fussball-Nerds, Schong-Nerds, Fitness-Nerds, Food-Nerds, Bibel-Nerds, Kino-Nerds, Botanik-Nerds, Geschichts-Nerds, StarWars-Nerds, HarryPotter-Nerds, SexInTheCity-Nerds, etc.
Wat fir e Nerd sidd dir?
Ech si momentan definitiv e Bibel-Nerd, well ech se vill liesen, analyséieren, diskutéieren a versichen Zesummenhäng ze gesinn, die verschidden ‘Layeren’ ze déchiffréieren a den Entstéiungsprozess ze verstoen.
En Deel vun der Faszinatioun ass sécher fir méi ze verstoen, wéi die aner, déi den Text (wann iwwerhaapt) just liesen an ze erkennen, wat die Iddien, Wieder an Konzepter am Fong wirklech bedéiten an wat hier logësch, awer oft onerwaart, Konsequenzen sinn. Déi natiirlech meeschtens net der offizieller Sichtweis entspriechen.
Mee les goûts et les couleurs sinn jo ganz ennerscheedlech! Sinn iwwert e Site gefall vun engem kompletten LOST-Nerd, deen eng elaboréiert, voir gigantësch, Theorie iwwer LOST entwéckelt huet. An jo, och dee muss zevill Zäit a sengem Liewen hunn, hehe … LOST ass meng absolut Lieblingsserie (ok, et ass och quasi die eenzeg, déi ech kucken), trotz hierer Tendenz fir een géckeg ze man. Allerdengs verschwenden ech keng Zäit drop, fir lo selwer wëllen rauszefannen, wat dohannert stécht. Dann bléiwen ech léiwer bei Themen, déi d’Welt awer méi direkt betreffen (wéi d’Religioun).
Eh, bon. Souvill dozou. Schéine Weekend.
Filed under: Gesellschaft


Ech mengen ech muss kengem méi verzielen, wouno ech verréckt sinn. Mäi Späicher un onnëtzem Wëssen ass onendlech!
An ech preferéiren de Begrëff Geek.
Du hues Recht. Ech hunn d’Differenz tëschent ‘nerd’ an ‘geek’ nogekuckt an ‘geek’ passt besser zu deem, wat ech gemengt hunn.