Gudden Appetit.
Ech wëll lo hei net iwwert d’Vir- an Nodeeler vun Genfood diskutéieren, mee die Affichen hei fannen ech gutt gemaach:
Categories: Natur, Reklammen, Wëssenschaft
Ech wëll lo hei net iwwert d’Vir- an Nodeeler vun Genfood diskutéieren, mee die Affichen hei fannen ech gutt gemaach:
Naja… Panikmacherei a mengen Aen… mee du wels jo net doriwer schwätzen
Rischtisch
Op alle Fall net lo. Obwuel, wann een mat der diskutéieren wëll, allez-y!
Ma dann hei meng Grënn virwat ech de Poster net gudd fannen:
-Et kritt een den Ondrock vermëttelt, vue datt een net wees wou déi Muerten hierkommen, soll een se besser net iessen
-et gin keng kommerziell “gen-manipuléiert Muerten”
-déi Muerten déi ofgebild sin, faale jo éischter an d’Kathegorie Biogeméis duerch hier Formen. Eng “Fabrikmuerzel” wier schéin gleichméisseg
-et kritt een den Androck vermëttelt datt genetesch manipuléiert Geméis oder Uebst an iergenteng Art a Weis scheidlech wier. Wat net de Fall ass.
-et kritt een den Androck vermëttelt, datt all déi gudd aal Ubaumethoden domat automatesch gudd a richteg sin. Wat net de Fall ass.
-et ass méi einfach de Leit Angscht ze man an domat Suen ze sammlen (cf Greenpeace) wéi d’Leit iwert reell Geforen z’informéiren an opzeklären. Ech hun nach keen Greenpeace Aktivist begéint deen mer konnt erklären wat e Gen ass.
-ech fannen de Plakat ass ausserdem eng Diskriminatioun vu Skorpiounen an sonstegen gëftegen Déiren.
Ouni richteg z’iwwerléen, hat ech d’Plakat komplett aanescht interpretéiert.
Ech hu bei der Form un e Kriibs/Hummer geduecht a gemengt, domat willt gewise gin, datt ee vläit méngt, et wir en Hummer, mee a Wirklechkeet wire Genen vun Muërten dran oder ëmgedréint.
Lo, wou ech driwwer nodenken, ass dat jo e besse Kaabes.
Genmanipuléirten Kaabes? Ihhh
Eben ob twitter(!!!) entdeckt: http://osocio.org/ En blog just iwer esou Campagnen vun NGOen. Ass och bestemmt eppes fir de Charel dobai. Scientists for Peace, oder esou
[blockquote]The DNA of genetically modified plants may contain the genes of insects, animals or even viruses. These products may potentially cause harm to your health.[/blockquote]
May as in “There may be a God”… Déi Kompagne ass einfach net wëssenschaftlech. Déi Säit huet awer och puer intressant a ganz wichteg Projet’en… Me et kann ee jo net alles an en Dëppen geheien. Grad wéi Greenpeace och net nemmen Blödsinn erzielt… Mee punkto Gentechnik hun se nach vill woures erzielt.
d’affiche leist mech kaal…. mee net den sujet
anyways, ass et een fotomontage 2d/3d?
oder ass et mat riichetegen wuezelen gebastellt?