Leider verpasst.
July 15, 2008
6 comments
Schon ‘cool’ fir en Hung do live doud ze man. Schliesslech hunn die meescht Läit jo wirklech vergiess, wou den Poulet oder de Bifteck um Teller hier kënt an dass déi Saachen net am Cactus oder Auchan am Keller wuessen.
Ech sinn absolut och e Fleesch-iesser, mee a Moossen. Ech fannen awer dass d’Déieren mat enger gewësser Würde solle behandelt ginn. An net nëmmen als (méiglechst bëlleg) Fleeschmaschinnen ugesinn solle ginn.
Fleeschkonsum ass an villen Hisiichten net onproblematesch: Déierenhaltung, Medikamenter etc, Urwaldrodung, Gasen, …
Och hei gëlt, weniger ist mehr. Mussen net all Dag e Bifteck, Ham an Zoossis sinn.
Categories: Gesellschaft, Natur
Rezent Kommentarer