Generation Kill.

Hunn lo grad die eischt Episode vun Generation Kill gesinn, der neier Serie vum Produzent vun ‘The Wire’, a sie iwwerzeecht bis lo. Sie ass weder fir nach géint den Irak-Krich, sie weisst just (plus ou moins, awer dach wuel realistesch), wéi et an der Arméi zougeet an och, an dësem Fall, während enger Invasioun. Heiandsdo gët natiirlech och dat Absurd un der Situatioun betount an dat gefällt mer natiirlech och.

Generell faszinéieren méch gutt Krichsfilmer (déi dann automatesch Anti-Krichsfilmer sinn oder ginn) well se eng Extremsituatioun ëremginn an wéi d’Läit domadder eens ginn. A visuell ass d’Geschicht och exzellent an Szene gesat ginn. Eng Wüstelandschaft hëlleft do natiirlech ëmmer …

Kann die Serie also nëmmen recommandéieren (wann een sech minimal fir de Sujet interesséiert).

Hei ass en Review iwwert d’Serie.

2 Responses to “Generation Kill.”

  1. huh?
    ech sin decken fan vun “the wire”, zeien mer deen op DVD eran.
    hun awer nach neischt vun “generation kill” heieren.

    liewen ech hannert dem mount?

    oh well daat kennt dervun wann een keng “tele” huet :)

    ps: merci viir den tip

  2. Tele kucken ech och quasi keng, ech kucken Internet ;)

Leave a Reply