Peking vs London.

Ech si jo kee Frënd vun der chinesescher Politik an och net vun hieren Methoden soss, mee Show’en organiséieren, dat kënnen se! Wéi d’Nordkoreaner jo och … Den Briten hieren Intermezzo fir London 2012 virzestellen huet do am Verglach ausgesinn wéi Kannertheater: ambitionnéiert, mee net wirklech qualitativ héichwäerteg an éischter amateurhaft. Mee et woer jo just eng Intro … Sie kënnen jo nach besser ginn. Hoffentlech.
Well suwuel d’Eröffnungsfeier wéi och d’Ofschlosszeremonie vun Peking hunn éischter un eng Weltklass-Oper erënnert, wéi un soss ëppes. Ech kann mëch net méi erenneren, wéi dat bei deenen viireschten woren. Villäicht hat ech déi och net gekuckt, well ech ëmmer duerch déi bei den Fussball-Weltmeeschterschaften ofgeturnt woer … Mee die hei woeren super. 1A. (Massenszenen sinn natiirlech ëmmer bëssen beängstend, mee awer och onmosseg spektakulär a faszinant.)
Ech sinn wirklech gespaant, wéi d’Englänner die Olympiad organiséieren wäerten. Toppen wäerten se Peking jo net kënnen, sie mussen schon hieren eegenen Stil fannen. Ech hoffen just, dass se net zevill ‘freestyle’ an hierer Approche ginn, well dat wierkt och éischter schrotteg. Dann léiwer mat klassesch-britisch Referenzen. Bëssen Pathos, Klassik, etc muss scho sinn (*). Oder eng gutt Mëschung aus Traditioun mat modernen Elementer. Mee wann modern falsch verstan gët, dann ass et séier bëlleg an egal wat. Brauch een just mol en groussen Deel vun der moderner ‘Konscht’ ze kucken.
Opmanst an mengen Aan. Allerdëngs freet mech jo keen, hehe.
(*) Allerdëngs ouni Zaldoten, déi fändelen apaaken an sou!
De Buergermeeschter vu London konnt awer de Fändel besser schwenken, wi dee vu Peking.
Obwuel dee vun Peking dat jo hätt missen méi gewinnt sinn
Hunn och grad en witzeg Remark vum Englänner gelies: Hien wéilt den Chinesen net ze no trieden, mee Ping-Pong wier op engleschen Dëscher erfonnt ginn an sou kéint een jo lo soen ‘Ping-Pong is coming home’.
Oh ech fannen den Englänner hieren Deel zwar och flott… Ech free mech schon op London 2012! Da kann e mol e puer Saache kucke goen.