Eng Illusioun manner.
E Kolleg huet grad erzielt, hien hätt an enger Zeitung aus der Marketingbranche gelies, dass die sëlleg Irish Pubs ausserhalb vun Groussbritannien haaptsächlech op eng Marketingsinitiative vun Guinness an de 70er Joeren zereckzeféieren sinn. D’ass se also net ‘natiirlech’ entstaan sinn, mee artifiziell, mam But fir Guinness ze verkafen. Deen d’Läit jo och seelen an engem aneren Kader oder Café drénken. Die Erklärung mëcht Sënn.
An anscheinend kann een sou Pubs ‘bestellen’, wou dann d’Miwwelen, de Bueden, etc kënschtlech op aal an benotzt getrimmt sinn fir den typeschen Flair riwwer ze bréngen. Faszinant. Wéi echt ass eis ‘echt’ Welt eigentlech? Alles fake …
Categories: Gesellschaft, Reklammen

Wor och deemols esou an der Staat ennen am Gronn wou ob eemol e ganz rustikalen “Pub” wor.
Aal bekannte Prinzip. An Afrika ginn zanter Joëren (i.e. zanter et an der westlecher Welt Zigaretteverbuetter ginn an manner Zigrette verkaf ginn) ganz Geschäfter gebaut mam eenzegen Ziel fir do eng bestëmmte Mark Zigaretten ze verkafen. Do ginn dann souguer d’Façaden an de Faarwen vum jeweilegen Zigarettepak ugestrach. Dat schockt mech wäitaus méi.
Wanns de “echt” définéiers als eppes wat Individuen ouni Hannergedanken iwwert Joëren ewech erschaaf hunn, fënns de an eiser Welt net vill echtes.
thierry: jo, ‘echt’ gët et an éiser Welt en effet net méi vill … liesen och grad en interessant Buch zum Thema: ‘A beginner’s guide to reality’ vum Jim Baggot.
An dass St Patrick’s Day dann sou staark iwwerall gefeiert gët ass dann och bestëmmt zum gréisstendeel Guinness ze verdanken …
Mir feieren jo och keng aner Nationalhëlleger, resp. Nationalfeierdeeg, esou?
D’Definitioun vun engem “Irish Pub” soll jo och anscheinend sinn, daat een Guiness do verkeeft.
Mee wiesou daat irgendeen verwonnert verstinn ech net Wierklech, et ged och beim Glacis en bayerescht “Brauhaus” an beim Chines waaren déi meescht jo secher och schon mol.
St Patrick’s Day: bessi wéi Halloween, well “big in the USA” an demno och do en Anfloss…
fireball: ech weess och net, well een villäicht geduecht huet, déi Caféen wieren wirklech vun usässegen Iren ’spontan’ an als ‘Erennerung un doheem’ opgemaach ginn. An net just als eng Zort Chaîne wéi McDonald’s.