Home > Gesellschaft, Politik > Demokratie eng Illusioun?

Demokratie eng Illusioun?

September 28, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech kommen ëmmer méi zu der Iwwerzeegung, dass Demokratie, genau wéi den fräien Wëllen, eng Illusioun ass. Eng schéin an oft néideg Illusioun, mee awer usech net méi wei dat. Sou Artikelen, wéi deen hei schéngen dat ze ënnermaueren:

Böser Verdacht in Brüssel: Haben US-Militärs und Neocons das irische “No” gegen den Lissabon-Vertrag bezahlt? Die EU forscht den dubiosen Geldquellen eines Milliardärs nach, der maßgeblichen Anteil am Ausgang des Referendums hatte. Der plant bereits die nächste Anti-Europa-Kampagne.

An enger Demokratie kann zwar jidereen wielen, wat en wëll, mee firwat wielt en dat, wat en wielt (an sou ass déi Fro och direkt mam fräien Wëllen verbonnen) an ass dat automatesch ëmmer gutt fir d’Allgemengheet?

Et ginn jo onzähleg Beispiller, wou Demokratien mëssbraucht gouffen an net den erwënschten Effekt haten (sou gouffen zB suwuel den Hitler wéi d’Hamas demokratesch gewielt). An sie beinhaltet och d’Gefohr, dass eng ‘domm’ Majoritéit enger ‘gescheiter’ Minoritéit virschräiwen kann, wéi den Hues ze lafen huet. Opmanst fir eng Rëtsch Joer, a wann och (theoretesch) just a gewëssen Limiten.

Mee fir op den Artikel zeréck ze kommen: Onmoosseg Suen, gebündelt mat der Onzefriddenheet (an Ignoranz) vun enger Rëtsch Läit kënnen gezielt d’Demokratie fir hier (ideologesch an/oder finanziell) Zwecker mëssbrauchen. Besonnesch krass gët dat natiirlech, wann extern Fakteuren an Akteuren mat am Spill sinn (wéi zb hei Amerikaner, déi en Interesse drun hätten fir Europa ze déstabiliséieren oder opmanst ze verhënneren, dass Europa sech vereenegt).

Wat idiotesch bei der Ratifikatioun vum Lissaboner Vertrag ass, ass dat een eenzegt Land den ganzen Prozess stoppen kann. An deem Fall hätt (am Géigensaatz zum Beispill uewen) eng ‘domm’ Minoritéit den Plan vun der ‘gescheiter’ Majoritéit sabotéiert. Obwuel dat natiirlech och en Urteel ass, dat dovunner ofhängt, op een hier Décisioun lo richteg/gescheit oder falsch/domm fënnt …

About these ads
Categories: Gesellschaft, Politik
  1. September 28, 2008 at 10:17 am | #1

    Geheiren Verschwörungstheorien net och an d’Land vun den Mythen an Reliounen?

    Ech fannen et iwregens immens, daats firdeischt mat Dikatoren kenns, mee dann awer selwer gären Dikator wiers, well déi “domm Iren” net esou ofgestemmt hun, wéis du et gären gehaat haas. An waat jo zu dem Thema sws immens ass: Et ass direkt vun allen Saiten dementeiert ginn, daat d’Iren tatsächlech net kéinten mam Vertrag vun Lissabon d’Accord sinn, mee se waren onzefridden mat hirer Regierung – an elo waar et eben den béisen amerikaneschen Milliardär. Ech fannen daat am Fong eng ziemlech béiswelleg Ennerstellung.

    En plus ass den Lissaboner Vertrag jo nach méi ondemokratesch wéi den Verfassungsvertrag, emmerhin konnten déi meescht Leit net mol doriwer oofstemmen – an haaten eng Regierung un der Muecht, déi och schon bei der Verfassung um Rudder waar! Mee daat waar demols wahrscheinlech dann och den béisen Amerikaner/en rosat Einhorn, daat d’Franzousen an d’Holläner “nee” soen geloss huet…

    Sou, dann ginn ech lo mol nach e puer UFOen sichen…

  2. September 28, 2008 at 10:36 am | #2

    Dach, vill Verschwörungstheorien sinn kompletten Blödsinn. Mee dat heescht net, dass se et all sinn. Oder dass net en Deel Wourecht an hinnen stécht.

    Hues du den Artikel gelies? Den Daniel Cohn-Bendit ass sou wäit ech wees och éischter vum lénken Bord. Hien hätt jo also keen Intérêt drun, sou eng Thèse ze ënnerstëtzen, wann en net dovunner iwwerzeecht wier.

    An et ginn jo genuch Indizen dofir, cf Artikel.

    Wat Regierungen ugeet, sou sinn ech der Meenung, dass en ‘Roi-philosophe’ die bëscht Léisung wier. Allerdëngs ass dat utopesch. D’Menschheet muss sech halt selwer doduerch wurschtelen, zum Besseren oder zum Schlëmmeren.

    A wat den EU-Vertrag ugeet, sou woer ech nach emmer der Meenung, dass et komplett idiotesch ass, fir iwwert esou eppes per Referendum ofzestëmmen. A Referendum kann een man iwwert Fëmmen am Restaurant oder aner Froen, déi d’Läit verstinn a novollzéien kënnen. Awer net iwwert eppes esou extrem Komplexes wéi en EU-Vertrag. Dat sollen Politiker man, déi ginn dofir gewielt (a bezuelt!) an sollen sech mat der Matière auskennen. Wa net sie sou Saachen décidéieren, firwat brauche mer dann Politiker??

    Wann een awer d’Läit mat ofstëmmen léisst, dann fléissen vill ze vill ‘unrelated’ an oft, lokal-politesch, Problemer mat eran. An die Onzefridden mëssbrauchen sou en Referendum fir hieren Protest publik ze man. Och wann en, wann iwwerhaapt, nëmmen periphär mat deem eigentlechen Referendum ze dinn huet.

    D’Fransousen an d’Hollänner hunn aus lokal-politeschen Grënn Nee gesot. An die meescht dovunner hunn den Traité mol net gelies, geschweige denn verstan. Oder hues du en Beweis, dass sie et haten?

    Vill Spaass nach beim UFO sichen, mee ech schwätzen hei vun der realer Welt. Och wann lenk Romantiker déi net ëmmer gären hunn … An nee, dat mécht mech net automatesch riets. Ech gesinn méch éischter an der Mëtt.

  3. Rom
    September 28, 2008 at 3:33 pm | #3

    Dei dooten Geschicht ass genee esou richteg (oder eben falsch) ewei all dei beis Geschichten vun der enger oder aaner Lobby dei soll munch EP mol eng kleng Gefaellegkeet maachen. Den EP geif dann anscheinend seng Meenung aenneren.

    An iwerhaapt.
    Ech wees wirklech net weivill Milliounen Euro d’EU sech hier campagne de pub an Irland kaschten geloos huet. Ben, wann d’Geigenseit eben och e “kraeftegen Sponsor” huet dann kann ech et hier net verdenken wann se dervunner gebrauch mecht.

    Och hei am Land leist sech d’Wielervollek kaafen, an et ginn eben emmer Leit dei hieren dovunner ofhaenken loosen ween dann dee scheinsten Gadget huet.
    Ech fir mein Deel sinn doranner mei opputunistesch. E Bic ass e Bic a wann e gudd schreift dann bleiwt am internen Gebrauch (Dei Laescht vun der CSV woren mer ze breed an der Spetzt.)

  4. September 28, 2008 at 5:37 pm | #4

    rom: dat do schwätzt jo awer och net onbedengt fir d’Demokratie usech ;)

  5. September 28, 2008 at 6:38 pm | #5

    Ech sinn keen lenken Romantiker.
    Mett? Wou ass d’Mett? Ech fannen déi 2-dimensional-Opdeelung totale Blödsinn, et gouf och “lenks” Diktatoren an “Riets” Sozialisten. [Geschichtlech gesinn géif ech en Monarchist awer och eischter "riets" hinsetzen. ;-) ]

    All Verschwörungstheorie ass kompletten Blödsinn, soss wier et keng Verschwörungstheorie. Et ereischt wanns de gesechert Fakten hues, kanns de net méi vun enger Verschwörungstheorie schwätzen.

    Wou ass dann den Ennerscheed zweschen “Femmen am Restaurant” an “Mir stéigeren den letz. Militärbudget em 300%”. Daat dirft och jiddereen verstoen. An wann en daat nemmen am Paack mat engem Vertrag/Verfassung ungebueden kritt, kann een och dann rouegen Gewessens nee soen, wann een net alles gelies/verstaanen huet. Well soen: Et muss een net alles am Detail gelies hun, fir géint Deeler vun eppes ze sinn an et doweinst ofzeleenen.

    Wéivill Leit, déi dofir gestemmt hun, haaten déi Verfassung dann gelies? Mee daat schengt dir jo egal ze sinn, se hun jo sou ofgestemmt, wéis du

    Daat et Blödsinn ass fir e puer Honnert Saiten Lobbyistengesetzer ze huelen an drai Saiten Verfassungsblabla dobaizepeschen an daat ganzt als “EU-Verfassung” ze verkaafen, do stemmen ech der absolut zou.

    Ech sinn net zefridden mat der “Demokratie” (déi am rengen Wuertsinn keng ass, mee ech wees d’Wuert fir “Herschaft der Volksvertreter” net) wéi mer se am Moment hunn. Fir mech misst en vill méi iwer Themen an vill manner iwer Leit kennen ofstemmen.
    An nee, ech well net emmer nemmen en Komplettpaket/eng Farw wiehlen, mee mer daat rauspicken, waat mir gefällt. En politeschen System fir d’21. Johrhonnert, quoi.

    Ech gesinn en groußen Problem doranner, daat d’Leit net responabiliéiert ginn, eegen Entscheedungen iwert d’Politik ze maachen an daat och guer net wellen. (Sollen déi sech dach drem kemmeren!) Wann daat sou wéider geht, wärt sech net immens vill kennen änneren.

    Well am Moment bauen mer op “d’Dommheet vun denen Puer, déi vun denen villen Dommen gewiehlt goufen”.

    Am schéinsten wier jo eng heichtechniséiert Basisdemokratie, bei ders de dain Implikatiounsgrad selwer wiehlen (!) kanns. ;-)
    Vlaischt ass daat romantesch, mee ass daat esou lenks?

  6. September 29, 2008 at 9:36 am | #6

    Et ass onméiglech, dass all Mënsch zu all politeschem Thema eng informéiert Meenung huet an déi dann an engem Vote zum Ausdrock bréngen soll. Dofir hu mer jo eng repräsentativ Demokratie.

    Du wiels den Jhemp an den Jhemp vertrëtt dech bei den Wahlen. Firwats du den Jhemp wiels kann natiirlech 100 Grënn hunn, hoffentlech ass ët, well der die selwecht Meenung huet. An net, well hien der um läschten Wäifest e Patt ginn huet (ech mengen dat lo generell net präzise op dech bezunn).

    Den Kommunismus ass usech och keng schlecht Iddi, just, dass se net funktionnéiert …

  7. September 30, 2008 at 12:05 pm | #7

    Genau wéi d’Demokratie net funktionéiert. Net nemmen, well ech de Jhemp wielen (waat ech schon een Fehler fannen), mee well de Jhemp vlascht punkto Schoulsystem menger Meenung ass, mee zur Trennung vun Kierch a Staat awer eng ganz aaner huet wéi ech (als Beispill).

    An an mengem net wéider spezifizéierten Modell misst de der jo net zu ALL Thema eng Meenung bilden, mee du implizéiers de do, wou et wichteg ass.
    Mee wann net all Mensch zu all Thema eng informéiert Meenung kann hun, wéi kennen Politiker daat dann? Wiesou ginn Leit Minister, déi virdrun nie eppes mat der Thematik ze dinn haaten? Ass daat iwerhaat nach vertriedbar?

  8. September 30, 2008 at 1:50 pm | #8

    - Firwat fënns du et en Fehler fir de Jhemp ze stëmmen!? Fënns du wielen goen per se falsch?

    - Ech ginn der Recht, dass et schwiereg ass, well net all Politiker (oder Partei) ëmmer an allem der Meenung ass, wéi een selwer. Do muss een halt Kompromisser man.

    - Et ass den Politiker hieren Beruf (an Pflicht) iwwert verschidden Themen informéiert ze sinn. Wat man se soss den ganzen Dag? Iessen? Mee et erwaart keen, dass ALL Politker zu ALL Thema ALLES weess. Duerfir ginn et jo verschidden Sekteuren an Ressort’en.

    - Wou ech der Recht ginn, ass dass misst sécher gestallt ginn, dass de préférence Läit Minister ginn vun engem Ressort wou se sech auskennen! Oder opmanst en kapablen Stab ëm sech hunn … Ass natiirlech och net ëmmer garantéiert, awer sécher méi, wéi dass all Mënsch vun allem alles wees!

  9. September 30, 2008 at 8:30 pm | #9

    -Ech fannen fir Persounen wiehlen falsch. Bah, am Fong sinn ech mir net secher op dem Punkt, well et engersaits den Punkt “eng fäheg Persoun” ged, aanersaits awer “den richtegen Programm” – waat jo och net emmer vereinbar ass.

    -Na ja, ech hun oft d’gefill, daat Politiker, virun allem Ministern méi op d’Arbescht vun hirem Ministaire bauen wéi op Eegeninformatioun.

    -Denken ech och.

    Ech mengen am Fong sinn mir guer net esou wait vuneen ewech mat eisem Problem mat der heiteger Demokratie/dem System, du hues just eng aaner Leisung wéi ech.

  10. September 30, 2008 at 8:37 pm | #10

    An am Fong wellen mer jo allen zwee et just zum Gudden wenden :)

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.

%d bloggers like this: