Abonnéieren?
Den einfachste Wee fir ze wëssen, wéini et hei eppes Neies gëtt, ass fir den RSS-Feed z'abonnéieren (zB mam Google Reader)
_
Hei och nach d'Links zu mengen Tumbler Blogs: Nummer 1 an Nummer 2
Rezent Artikelen
Rezent Kommentarer
| Jean-claude on E puer Gedanken zur (Hobby-) J… | |
| Joël on Näischt gelungen un dësem Vide… | |
| CK on Näischt gelungen un dësem Vide… | |
| CK on Entweder Broder. | |
| Grommel on Entweder Broder. |
Kategorien
LuxBlogs
Other stuff
Archive
- November 2011 (1)
- December 2010 (3)
- November 2010 (2)
- October 2010 (3)
- September 2010 (6)
- August 2010 (10)
- July 2010 (7)
- June 2010 (16)
- May 2010 (17)
- April 2010 (23)
- March 2010 (15)
- February 2010 (15)
- January 2010 (25)
- December 2009 (22)
- November 2009 (20)
- October 2009 (37)
- September 2009 (16)
- August 2009 (19)
- July 2009 (21)
- June 2009 (51)
- May 2009 (46)
- April 2009 (33)
- March 2009 (42)
- February 2009 (60)
- January 2009 (61)
- December 2008 (74)
- November 2008 (57)
- October 2008 (55)
- September 2008 (31)
- August 2008 (22)
- July 2008 (19)
- June 2008 (39)
- May 2008 (35)
- April 2008 (37)
- March 2008 (41)
- February 2008 (45)
- January 2008 (61)
- December 2007 (55)
- November 2007 (56)
- October 2007 (30)
- September 2007 (37)
- August 2007 (33)
- July 2007 (42)
- June 2007 (4)
- May 2007 (30)
- April 2007 (53)
- March 2007 (59)
- February 2007 (56)
- January 2007 (53)
- December 2006 (53)
- November 2006 (62)
- October 2006 (53)
- September 2006 (38)
- August 2006 (38)
- July 2006 (18)
- June 2006 (22)
- May 2006 (31)
- April 2006 (21)
- March 2006 (21)

Vun 1234 bis haut? Esou Zuelen sinn jo awer méi oder wéineger notzlos, wann een d’Joersspaanen net kennt/net erkennen kann
Du hues natiirlech Recht. Vun 1950.
SInn ech ët, oder zitt e kaalen a faktenaarmen Wand iwwert dëse Blog? Ech géif mer méi Seriositéit op dëser Plaatz wënschen wann et drëms geet Themen wéi Inflatioun an Economie ze behandelen. Dat sinn natierlech schéin Zuelen, op der Illustratioun, dat ass onbestreitbar. Allen zwee duerch 2 deelbar, dat huet schon eppes. Lo ass et awer sou dass, virausgesat et wéilt een tatsächlech wëssen wat et mat deenen Zuelen op sech huet, dass ee mol net richteg erkennt wat op der Illustratioun steet well d’Bild ze kleng ass. E Link ass och net derbäi. Soll ech dat lo sou verstoen dass de mech wëlls mat eidelen Zuele blenden?
Näischt fir ongutt mee mech plot d’Gefill dass den Wand hei ëmmer méi vum Boulevard zitt.
Natirlech erhiews de nët den Usproch vun Seriositéit. Déi gefillten Tendenz géing mech och net stéieren, wir dëse Blog net ee vun den héich-fréquentéierten Zeilen ënnert deenen déi sech Blogger nennen.
An ech, ech wëll net dat Bild bestätegt gesinn, iwwert dat mer eis Moies beim Zeitungliesen opreegen. Dat Bild wat Weblogs als onserieux an ophätzerësch duerstellt.
Amen.
Max:
Et sollt am Fong just e ‘lëschtegen’ Post sinn. An jo, et ka sinn, dass ech an der Lëscht bëssen manner ‘sérieux’ Saachen posten, einfach well ech de Moment soss net sou vill Zäit a Loscht hunn mech mat ganz déifgrënnegen Saachen ze beschäftegen … Sou Phasen huet een
Obwuel jo awer mäin Demokratie-Post vun 28/09, oder deen iwwert d’Groussrégioun den 26/09 awer e bëssen méi Substanz haten. Menger Meenung no opmanst
Ech diskutéieren och zb op engem Internet Forum iwwert aktuell Welt-Politik an sou, duerfir mengen ech net, dass ech dat nach eng Kéier hei misst duerchknaen? Do gët et dach deen neien Blog ‘Oppenen Bréif‘, deen dat ëmmer ausféierlech mécht. Kéint dech interesséieren?
Lo linkt also ee Boulevard-Blog op den néchsten.
Ech stëmmen dem Max am grousse Ganzen zou. An du wees, dass ech mech deelweis schon ähnlech geäussert hunn. D’Aart a Weis, wéi déng Bäitreeg verfaasst sinn, ass oft einfach net differenziéiernd oder argumentativ, mee plakativ. Dat gëllt heifir, wéi fir d’Groussregioun an d’Demokratie.
Näicht fir ongutt, ech kommen awer all Dag laascht kucken, genee wéi de Bänker weider all Moien am Bus am Stad Bild an Express liest.
lol, ok. Deet mer leed, dass ech net ëmmer déif-philosophesch Artikelen schräiwen
An wann een keng riesen Artikelen schräiwt ginn se automatesch méi plakativ oder provokativ. Wat ech awer och ok fannen.
Wat den ‘Oppenen Bréif’ ugeet, sou wees ech net wéi oder wat genau deen schräiwt. Ass mer meeschtens zevill ze liesen an/oder oninteressant. Duecht just et kéint anerer interesséieren.
An dass du net mäi gréissten Fan bass weess ech an ech kann trotzdem gutt schloofen
Grommel, ech SINN däi gréisste Fan.
Nee, Spaass bei Säit, ech fannen du bass e Gudden, mee déng Artikel muss ech net ëmmer gutt fannen?
An, dass de op den Oppene Bréif verlinks ouni en ze liesen, däerf ech jo awer witzeg fannen, oder?
Nee, natiirlech muss de net all Artikel gutt fannen!
An ech wees jo selwer, dass se ganz ennerscheedlech sinn. Dat hei ass jo och en Sammelsurium-Blog usech, lol. Mat villäicht mol heiandsdo deem engen oder aneren wirklech méi sophistikéierten Artikel an/oder Comment-Thread.
An sécher däerfs du dat witzeg fannen. Ech hat en just am Ufank eng Kéier gelies, hunn en am mengem Google Reader an hien schéngt politesch Evenementer ze commentéieren. Dofir hunn ech geduecht dat kéint de Max interesséieren. Wann et awer just Gesabbels ass, dann woer de Link wuel net vill wäert
Ech fannen et graad gudd, daats du provozéiers, Grommel, emmerhin kenns du esou op Reaktiounen an Diskusiounen. An ech “streiden” mech gären mat dir, well et Spaß mescht an mir mengen ech nie esou wait auserneen léien daat mir eis an d’Hoer géifen kréien. Mee ech färten bei mir géif de Chris nach vill méi kritiséiren waat en bei dir schon net sou gudd fennt.
@Fireball: Am Fong net.
fireball: jo, wann een ëmmer der selwechter Meenung ass, dann gët et jo langweileg
ech stëmmen der och zou, dass mer seelen wirklech wäit auserneen leien.
sin ech lo abeemol onempfänglech fir ironie gin oder huet de max seng medikamenter net kritt?
Warum diese Web site haben nicht andere Sprachunterstützung?