Schall und Rauch?
Sinn Suen op engem Konto usech wirklech net wesentlech méi real wéi en Word-Dokument op engem Computer? Bei engem Crash ass einfach alles fort?
Alt gutt, dass mer nach en Staat (oder och d’EU) hunn deen de Moment nach fäheg ass, anzegräifen an irgendwou Geld hierzezauberen fir den Läit hiert Gespuertes ze garantéieren …
A wat giff dann zb mat den Hypothéiken bei engem hypotheteschen Bankecrash passéieren? Wann dat Gespuert sech an Loft opléisst, dann wier et jo nëmmen fair, wann d’Scholden sech och a Loft opléisen?
Categories: Gesellschaft, Luxembourg, Politik
Ech mengen dann hues de aner Suergen wéi dech iwert deng Hyphéiken ze freen?
interessant Iwwerleeung, mee ech mengen net datt daat esou funktionéiert
Mengen och net …
Allerdëngs wier et extrem ongerecht, wann d’Erspuernisser einfach kéinte verschwannen an d’Scholden net!
Et ass just emgedreint!
D’Scholden verschwannen well se net zreck bezuelt kennen gin an domadder verschwannen dann och d’Erspuernisser. Scholden sinn jo eigentlech Suen dei Persoun A fun der Bank geleint kritt. Do fierdrun huet awer mussen Persoun B der Bank se geleint huet. D’Bank ass nemmen Mettelsmann!
Et sinn net nemmen d’Banken an d’Schold mee och dei Leit dei Haiser, Appartementer an Wueren kaaft hun dei se sech eigentlech net leeschten konnten.
Usech wier jo d’Persoun B dann eng Bank B? Well déi sech jo ennerteneen Suen léinen?
An jo, ech ginn der Recht, d’Privatläit trëfft eng gewëss Matschold an deem Sënn, dass se zevill geléint hunn (heiandsdo awer och bal hu missen), mee et wier un de Banken gewiescht, fir ze checken, op een deenen Läit iwwerhaapt Suen därf a kann léinen! Mee d’Banken huet dat net wirklech interesséiert, Haaptsaach wéider Suen verléint an Zënsen akasséiert …
Persoun B ass den ganz normalen Mensch deen seng Suen um Spuerbuch oder soss enzwouch geparkt huet an dofier Zensen fun senger Bank kritt.
Datt Banken weider Suen wollten machen kann een en net fierwerfen, dat ass hier Aufgab! An jidereen deen Suen an Fongen, Spuerkonten, etc huet, huet dei lescht Joeren fun den Banken profiteiert. Zou Letzebuerg kennt derbei dat d’Banken den Motor fum ganzen Land sinn.
Privatleit trefft eng Mattschold, awer nemmen ob den eischten Blëck. Den Staat huet et via d’Schoulen net färdeg bruecht d’Menschen am Finanzbereich fit ze machen. An dat obwuel jidereen iergendwann an sengem Liewen Suen leint oder plazeiert.
Do ginn ech der Recht!! D’Schoulen missten een fir sou Saachen fit man amplaz irgendwelch aner bizarre, iwwerflësseg Saachen ze léiren …
Weess nach een wéi eng Dérivée geet an firwat déi gutt ass?
Läit, déi grad d’Première gemaach hunn oder maachen sinn natiirlech net domadder ugesprach, hehe.