Archive

Archive for October 10, 2008

De Schäissbierg.

October 10, 2008 5 comments

A weider geet et de Schäissbierg erof … d’Boursen spillen wirklech dat ‘how low can you go’ an ‘komm mer panikéieren all zesummen’ Spill … ech fäerten dat Ganzt do huet awer méi Konsequenzen fir jidereen, wéi mer mengen … a net just Läit, déi un der Bourse investéiert sinn/woren … Mäi SICAV-Spuerplang woer jo eng super Iddi, hoho … alt gutt, dass ech nach bëssen aner Reserven hunn.

A wat héieren ech lo? Just d’Fortis/BGL/OderWeiSeGradHeescht gët die rezent Zënssenkung un die Läit, déi en Prêt hunn weider!? Ass dee klengen Trouscht alt och nach fort!

Mee emmerhin gët d’Wieder gutt de Weekend an d’Sonn kascht jo näischt. Mengen ech.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg