Lo gët et keng Excuse méi!
Hat mer desläscht dem Jamie Oliver säin neit Buch ‘Ministry of Food’ aus England matbruecht an de Mëtten mol zur Ofwiesselung meng Elteren agelueden (soss ass et Sonndes éischter emgedréint) an eppes draus gemaach. Woer déck fäin ginn!
Kann d’Buch nëmmen recommandéieren. Sinn och vill schéin Biller dran, déi d’Aarbechtsschrëtt erklären an nët nëmmen dat fäerdegt Resultat wéisen. Och ginn praktesch Saachen zum Thema Kachen an Kichen generell erkläert.
Et gët et lo och schon op däitsch un ech gesinn: Jamies Kochschule.
10/10

Kachen mescht souwiesou Laun. Mat engem gudden Kachbuch emsou méi!
Oh. Du bass elo nemmen nach de Joel.
Mir kachen heiansdo och domat. Ass flott.
An nexten keier Grommel wanns de zu Oxford bass wees de jo, Jamie’s Italian!
Ha, jo, hunn och gemierkt, dass en just nëmmen nach Joël ass!
Thorben: jo, d’läscht Kéier woer alles voll … oder mir ze gemittlech fir nach eng Kéier rauszegoen an eis an d’Schlaang ze stellen, hehe. Mee aufgeschoben ist nicht aufgehoben!
mir haten duermols déi lescht 2 platzen erwescht, et ass extrem iwwerlaaf
An weini können mir eppes gudds schmachen kommen??
Eisen jamie Dinner zuHamburg war jo grouss an d’Wasser gefall…! Mir freen eis!
Gëschwenn, geschwënn!
Ech hun een Buch besuergt well meng Ex daat su wollt. Muss awer soen dass daat net wierklech menges ass ^^
Ech fannen di ganz Kachhysterie zum Katzen, ech brauch keng TV Sendung an och kee Kachbuch fir ze wësse wéi ech meng Liebliengsmenüën soll zoubereeden.
Stëchwierder: Honger an der Welt, Klimakatastrof, Ressourceverschwendung an dat alles haaptsächtlech duerch iwwerdriwwene Fleeschkonsum. Et as puren Zynismus , wann ee sougenannte Starkach wi de Jamie a senger Sendung Jippelcher vergast, angeblech fir de Leit ze weisen, wéi hire Poulet produzéiert gëtt, a Wiirklechkeet awer geet et him nëmmen ëm Publicity. Eisen RTL mat senge Fleeschzelebratiounsorgien as och net besser, ma kee Wonner, wann een hir ‘Sponsorelëscht kennt. Ech sin Hedonistin, duefir maachen ech dat do net mat, soss géif ech mech selwer ukatzen an dann hätt ech kee Spaass méi um Iessen.