Virgins.
Whopper Virgins an dësem Fall.
Usech eng originell Iddi a gutt emgesat, mee et bléiwt natiirlech en liicht schalen Nogeschmaach vun ‘Globalisatioun, US-Dominanz vun Allem, Risiko vun Eenheetsbräi, etc’.
Perséinlech fannen ech den Whopper och tonnen besser wéi den Big Mac.
Ah jo, an ass eigentlech lo zu Belval en Burger King oder net? Wuel net, soss hätt ech schon eppes dovunner héieren mengen ech …
McDonalds ass besser wéi Burger King. Et ass just well d’Leit dru gewinnt sinn, dass se et net mierken. ‘t ass genee wéi mat deem Starbucks Schäiss.
Du wäers et net gleewen, mee ech wollt schon am Post schräiwen, dass du bestëmmt McDonald’s giffs besser fannen!!!
Hei zu Lëtzebuerg kann et jo awer definitiv net wéins der Gewunnegt sinn … an genausou man bei den ‘Whopper Virgins’ (hues de de Film gekuckt?).
En Whopper ass x-mol méi säfteg wéi n Big Mac an huet och einfach méi Goût. Dat ass e Fait.
Allerdëngs ginn ech der Recht mam Starbucks.
Ech fannen esou Iessen ziemlech ekleg an daat an aller Hinsicht. OK, daat kann lo zum engen drun leien daat et Fleesch ass, mee ech fannen daat en Fleesch een Qualitéitsprodukt soll(!) sinn an demno net fir 1 € an engem Katronsbreitschen soll verkaaft ginn.
An wann et muss en Hamburger sinn: ech sinn secher main Papp (oder den Charel Betz) [wéinst mir och: ech selwer!] kennen daat mam Goût eng millioun mol besser wéi BK oder McD.
An Burger King huet op manst an Daitschland ziemlech menschenverachtend Werbung.
Joel:
Hey, opmanst ass et bësser wéi d’Gammelfleisch an der Dönerbude
An en Whopper kascht opmanst, uh, 3 Euro?
A wat fir eng Reklamm mengs du?
Na ja, wéi waar déi Geschicht mam Fishburger, wou McD virun Gericht beweisen konnt daat en keng Feschvergeftung dovunner konnt kréien, well iwerhaapt keen Fesch dran ass? Wann se mat hirem Fleesch ähnlech verfueren, dann kann daat iwerhaapt net gammelen
Bon, en Cheeseburger/whatever kriss de awer fir 1 €. An ech froen mech ob 3€ och en Prais fir en Steck Fleesch ass?
Reklamm: Mancademy, mat der Botschaft: Ween Zalot bestellt ass keen richtegen Mann, iess een Whopper, dann bass de erem en richtegen Testosteronheld. Ech mengen ech wier ziemlech laang amgaangen, wann ech all déi Gruppen, géint daat dat do verachtend ass, misst opzielen.