Accès zu qualitativem Journalismus am 21. Joerhonnert.
Traditionell Zeitungen hu jo ferme Problemer z’iwwerliewen. Engersäits wéinst der Online-Konkurrenz usech an och well d’Attention Span vun de Läit ëmmer méi schéngt erofzegoen. Bloggen an Artikelen op den Siten vun de News-Siten si jo schéin a gutt, ersetzen awer ganz seelen wirklech recherchéiert an ausféierlech Artikelen aus Pabéier-Zeitungen.
D’NY Times huet do eng gutt Léisung fonnt: hier iPhone App! Hieren gesamten (mengen ech) Contenu ugepasst un den iPhone an mat engem schéinen GUI. Sou soll dat sinn.
A lo kann een souguer um ‘Throun’, oder an der Salle d’attente oder wou och ëmmer, sech d’NY Times eranzéien. Besser wéi die x-ten Bunte!
Freet sech just, wéi NY Times dat do rentabel maachen kann …
Categories: Gesellschaft, Medien, Politik, Wired world
Do steet jo awer, dass de mat där App just d’latest news ze liese kriss. Eng anere Zeitung, déi nieft enger mobiler Versioun vun hirem Site och eng extra iPhone-Versioun huet (fir Safari mobile) ass iwweregens diepresse.com.