Wees een, wat dat ‘hufeisen-förmegt’, wäisst Gebäi op der rietser Säit ass? Déi sinn jo komplett am Bësch, souzesoen, hoho. Lenks uewen gët nach un der Philharmonie gebaut.
Dem Robert Schuman säi Gebuertshaus steet a Clausen (wanns de hannert dem klenge Kueb de Bierg erof fiers – woubäi déi S-Kéier ass märderësch), an ass *vill* méi kleng. Woubäi et bannenan zimlech gereimeg ass, an de Gaart huet och eng anstänneg Gréisst (mat richteg schéiner Vue).
Keen?
hun mech bessen emgekukt, mee daat eenzegt waat ech an Erfahrung brengen konnt ass, dass et wuel nach zum Dräi Eechelen Park geheiert.
Dem Robert Schu(h?)man sain Gebuertshaus, nee?
Sou wait ech wees, ass dem Schuman sain Gebuertshaus nach ennen an Clausen, bzw e bessen am Hang, mee bei waitem net sou grouss.
Geif ob den Seminaire tippen.
An der Zeit war do eng Annexe fun der National Bibliotheik dran an do stung emol en Buch wat ech gebraucht hun…
Dem Robert Schuman säi Gebuertshaus steet a Clausen (wanns de hannert dem klenge Kueb de Bierg erof fiers – woubäi déi S-Kéier ass märderësch), an ass *vill* méi kleng. Woubäi et bannenan zimlech gereimeg ass, an de Gaart huet och eng anstänneg Gréisst (mat richteg schéiner Vue).
Dat do ass de Seminaire vum Bistum.
@pa:
Ah, Merci! A wat en Zoufall, hehe.
Gutt verstoppt hunn se sech jo mol!!!
Deen Artikel hei bréngt mech op eng interessant Iddi fir eng nei Serie a méngem Blog.
http://www.restena.lu/semlux/
iwwregens ganz kuckenswert
Uh … jo, immens kuckenswäert … bass du do ageschriwwen oder wéi?