Urban discovery.
Ech si momentan op sou engem Trip fir nei Saachen an menger Géigend ze entdecken. Well et brauch een net ëmmer wäit ze goen oder ze fueren fir eppes Neies oder Iwwerraschendes ze gesinn.
Haut de Mëtten sinn ech esou iwwert den Circuit Mansfeld zu Clausen gefall, deen duerch déi Hiwwelen/Fielsen vis-à-vis vun de faméisen Rives de Clausen féiert. Mir huet en super gefall: e bëssen Mëllerdal, e bëssen vun der Natur iwwerwuchert Festungsruinen. Top a méngen Aan! An dat an der Stad. A recommander.
Dunn sinn ech och nach bëssen op der Rhum ronderem getrëppelt, obwuel do lo en Riesenchantier ass. Déi Rëtsch Festungstierm déi do stinn sinn och net vun schlechten Elteren. An net grad kleng, vue dass se lo nees ganz fräigeluecht sinn. Muss cool gewiescht sinn deemools, wéi déi a. gebaut an b. benotzt gouffen … ech wéilt SOU, dass et eng Zäitmaschinn géiff ginn!
Kaf der en DeLorean.
Bau e Flux kompensator.
Kaf Plutonium bei Libyer.
Dréck den DeLorean op 140 km/h.
Et voilà.
Merci, Chris McFly!
Fir dech nach ëmmer Doc!
Stell der einfach vir, du kéims aus der Zoukonft a wärs lo an der Vergaangenheet. Da gesäis de alles mat aaneren Aaan.
“Oh, hei fueren se jo nach mat Autoen.”
“Oh, um Himmel fléien Flijheren, di nach alléng duerch Aerodynamik an der Luut bleiwen.”
“Oh, den Trottoir ass jo nach aus Betong an d’Stroossen aus Macadam.”
Ech méngen, dat probéiren ech lo mol aus…
Haha, do gouff et dach mol Lëschten mat Saachen, déi een maachen kéint fir aner Läit ze irritéieren. Eng dovunner woer, fir genau esou duerch d’Läit ze goen
Richteg cool Zaitreesender benotzen eng steampunkesque Maschine wéi an “Time Machine”. Oder en Zuch.
Ech well och een DeLorian….
Kriss de keen bei eBay?
leider net just e puer Stecker
http://cgi.ebay.de/DELOREAN-DE-LOREAN-Bosch-K-Jetronic-Fuel-Distributor_W0QQitemZ120385804896QQcmdZViewItemQQptZAutoteile_Zubeh%C3%B6r?hash=item120385804896&_trksid=p3286.c0.m14&_trkparms=72%3A1229|66%3A2|65%3A12|39%3A1|240%3A1318 ass daat net ee Flux Kompensator?