Mir hunn et jo.
Alt nach e puer Milliounen fir en Musée, dee kee wierklech brauch (firwat net eppes Flottes iwwert d’Festung am Geschichtsmusée man?).
D’Gebäi usech ass awer natierlech flott. Hätt dat net kéinten mat an de Mudam mat agebonnen ginn? Da géiff et opmanst genotzt ginn. Och wann do och net souvill terribles steet …
Categories: Architektur, Geschicht, Luxembourg
Waat een net alles hätt kéinten fir déi Souen maachen!
Vélodrome, Fussballstadium, en Tram, en Métro, en Naturmusée, Schong fir d’Tréis…
Mir ged daat op de Keks. Jo, et ass blöd wann Saachen méi déier ginn an jo, et ginn vill Suen an Kultur gestach. Mee och déi ass förderwürdeg an och déi brengt op laang dauer secher eppes. Kuck der zB. mol d’Situatioun vun der Musek elo an virun 5 Joer un. Ech well net soen daat dat alles nemmen Rockhal waar (Secher net), mee et huet secher gehollef, daat ganzt unzekurbelen.
Hunn ech prinzipiell géint Kulturförderung gemeckert … ?
daat ass numol déi vill beschwaaten antizyklech Politik, wann privat investiteuren net wellen bauen, da muss de Staat et halt man
Och dogéint hunn ech näischt. Mee dat ass jo an dësem Fall wuel net den eigentlechen Punkt … wat soll dann henno dra gewiesen ginn??
Esou weit ech mech erenneren sollt dat beim Pei sengem eischten Entworf mat an den Musée integreiert gin.
Deemols huet sech awer een queesch gestalt gehaat, wees leider net mei wien. Dorops hin huet dun den Pei missen en kompletten neien Entworf machen.
Ech fannen dat d’Kultur een fun dene weinegen (wann net deen Eenzegen) Bereicher ass wou den Staat seng Sach gudd mecht. Positiv Resultater sinn do, net nemmen an der Musëck mee och am Theater zum Beispill.
Ofgesinn do derfun kennt et emol sinn dat mer an Zukunft en greisseren Deel fun eisen Suen duerch Touristen mussen eranhuelen. An do sinn esou Investissmenter guer net esou falsch.
Wien sëch do quéesch gestallt hat, war de Calté vun Sites et Monuments.
And the winner is…meckerer…
Yep, perséinlech gesin, hätt ech och déi 2 Gebaier gemeinsam intégréiert…mä bon…d’”Hoheitsrecht” huet wahrscheinlech séng “Prämissen”…
Gin elo e Stéck Taart iessen…hoffen ‘t ass nach ëppes iwwerech…
de Caltheux hat och nët nëmme gutt Iddien …
(de Calté ass dee vun den Dëckkäpp
)
Natirlech, et ass de Calteux.
Ech sinn der Meenung, dass mer kee Musée brauchen, generell net. Ech géif se alleguerten zoumaachen.
Komm, hei hues de eng Kamell. Gët schon rem alles gutt
Haha.
Kennt dir w.e.g. en Videocast à la “Sixtus verus Lobo” maachen?