Onpräzis Froen.
‘Bass du fir oder géint Sex virun der Hochzäit?’
Dat ass nees d’Beispill vun enger schlecht gestalltener Fro. Einfach sou kann ech déi net beäntwerten. Do brauch ech méi Info:
Wat ass zB mat Sex gemengt? Verkéier (1) oder just ‘anert Gespills’ (2)?
Wann (1) dann brauch ech nees méi Info: mat (a) oder ouni (b) Verhütungsmëttel?
Wann (a), da wier meng Äntwert: Jo, soulaang déi zwee et wëllen, wat och fir (2) gëlt.
Wann (b), da brauch ech nees méi Info: mat engem, deen een gären huet a sech ka virstellen Kanner ze hunn (I) oder mat engem, wou een just Spaass wëll hunn (II)
Wann (I), da wier meng Äntwert: Jo, soulaang déi zwee ët wëllen an och finanziell an der Lag wieren e Kand ordentlech ze erzéien. Aus legalen Grënn wier et awer wuel besser sech dann ze bestueden.
Wann (II), da wier meng Äntwert: Natierlech nët! Mat Kannerliewen soll een net spillen. An och Ofdréiwungen sollen just an Noutfäll benotzt ginn.
Wat ech ëmmer nach krass fannen ass, wann een realiséiert, dass een fréier, wéi d’Contraceptioun nach net sou ausgeräift woer, bei all Verkéier en effet riskéiert huet, Elteren ze ginn(sou wéi dat jo och vun der Evolutioun virgesinn ass)!? An deem Fall giff een natierlech sou eng Fro ganz anescht ugoen … wéi och de Sex usech!
Dat ass jo och IMHO de Grond firwat d’Relioun dat net viirgesäit.
D’Relioun haat an der Zäit e puer ganz gudd sozial Schutzmechanismen agesat, déi lo awer iwwerflésseg sin.
Wat d’Froestellung ubelaang, ass dat dach ganz einfach eng Äntwert drob ze gin. Wanns de frees bass du geint Sex virun der Hochzäit dann ass deng Äntwert dach kloer “nee”. Wat awer net emmer heescht dats de dofir bass.
Stëmmen dem Thorben zou. D’Fro ass dach präzis. Just well se net deng méiglech Bedenken emfaasst, bedeit dat net, dass un hir selwer eppes feelt.
Generell sinn och jo och dogéint, awer net an all Fäll. wéi kann ech also einfach pauschal ‘nee’ soen?
D’Fro verlaangt jo net vun der pauschal “Nee” ze soen.
Also en ‘Nee, mee … ‘ oder en ‘Am deem Fall Nee, mee wann awer …’ ?
Dat ass jo wat ech beschriwwen hunn.
Jo, mä dann ass d”Fro net onpräzis, just d’Äntwert ass net einfach.
Ok, sou gesinn hues de Recht.
Mooooooooment. Ech hu Recht?
Ech hu Recht!
Dat do gëtt sech ausgedrockt an un d’Mauer gehaang!
Ech hat zwar lo bei där dote Fro zum Thema “onpräzis” als éischt geduëcht: Eng Oder-Fro kann ee mat Jo oder Nee beäntweren, mee vill méi schlau ass deen aaneren härno och net.
Jo, ech si fir oder géint Sex virum Bestiëdnes.
géint
Nee, ech sin net fir oder géint Sex virum Bestiëdnes.