Schleichwerbung?
Firwat ass der Post hieren ‘Deel’ op der Homepage vun RTL eigentlech net als ‘Publicité’ gekennzeechent? Oder ass dat einfach sous-entendu an ech sinn nees just klenglech?
Categories: Luxembourg, Reklammen, Wired world
Firwat ass der Post hieren ‘Deel’ op der Homepage vun RTL eigentlech net als ‘Publicité’ gekennzeechent? Oder ass dat einfach sous-entendu an ech sinn nees just klenglech?
Uah d’Post kritt dach ëmmer iwwerall eng Extraplaatz … Wahrscheinlech bezuelen se einfach e gudd Steck méi wéi en Ottonormal Sponsor oder se hu sech richteg Akaf … ech wees ët nët. Souwäit ech mech erënneren kann ass dat als zimmlech direkt Reaktioun op den TangoTV komm, dat konnt d’Post jo nët op sech sëtze loossen. Mais aplaatz eben einfach als Sponsor dozestoen sinn hier Reklammen eben iwwerall opgedaucht, och an den Startsequenzen fier verschidde Sendungen, an den Eröffnungs- a Schliessungclips vun der Pub, bei der Météo etc, wat alles vierdrun ni sou vierkomm ass. Ech mengen se hat souguer eng Zäitchen sou eng 15 Minutte Sendung laafen wou se hier nei Produiten fiergestallt hunn. An eben di massiv Präsenz op der Internetsäit, de Radio nët ze vergiessen. An obwuel TangoTV jo lo nët méi existéiert ass dat wuel bliwwen. An ech kennen och keen aanert Beispill wou e “ganze Sender” sou gesponsort ze si schengt.
Boff, Fazit: d’Post kritt ëmmer eng Extrawurscht gebroden.