Home > Photographie, Sex, Wired world > Giga Voyeur.

Giga Voyeur.

E Bekannten huet sech lo sou en Gigapan Truc kaaft mat deem een Gigapixelfotoen (wéi déi vum Obama senger Inauguratioun) ka maachen. Dat ass schon extrem impressionnant. Anerersäits natierlech och erschreckend, well d’Privatsphäre enorm drënner leid, wéi een bei dësem Beispill vun enger Plage gesi kann.

An dat ass lo nach keng aus Südfrankräich … wuel och just well een d’Fotoen muss bei GigaPan muss uploaden an déi zenséieren wäerten.

Ok, fréier konnt de Voyeur sech och mat sengem Tele iergendwou op d’Lauer léeën, mee dat hei ass awer eng ganz Kategorie driwwer.

Brave, new world …

Categories: Photographie, Sex, Wired world
  1. June 17, 2009 at 4:42 pm | #1

    soubal se e system fir DSLRen erausbrengen wollt ech mer och ee bestellen!

  2. Pol
    June 17, 2009 at 4:49 pm | #4

    naja daat leit wierklech besen um Fotograf keng sou Fotoen ze man,
    well weis de selwer sees konnt een daat och virdrun schon mat engem staarken tele…..

    oder aus enger Heck verstoppt och mat enger wegwerfkamera… ass mei eng Ethik wei eng Technik fro…

    • June 17, 2009 at 6:19 pm | #5

      de Voyeur kënt awer lo vun vill méi wäit vill méi no drun

      • June 17, 2009 at 6:24 pm | #6

        dat kent en och mat engem 500mm objektiv

        du änners jo naischt un der opleisung vun denger kamera, du setz just lauter eenzel Biller zesummen

  1. No trackbacks yet.