Y.
An der Zäit hunn ech zwar d’Schlumpfen, de Lucky Luke, den Asterix an den Tintin verschlongen (a fannen déi och nach ëmmer gutt a qualitativ héichwäerteg), mee an der Läscht hunn ech ët net méi sou mat Bandes Dessinées. Ok, mat der Ausnahm vun Calvin & Hobbes an der Nicopol Trilogie vum Enki Bilal.
Duerfir sinn ech emsou méi erstaunt, dass Y – The Last Man mëch sou an de Bann schléit. Mee d’Geschicht an den visuellen Stil gefalen mer einfach. Dommerweis ass et eng laang Serie an all Volume kascht em die 10 Euro …

Wanns Du se ob englesch lies, da bestell der se einfach bei Amazon. com. D’Liwwerung dauert dann zwar en bessen an kascht och mee den bellegen Dollar macht daat locker erem wett.
Allerdings mam Wert fun den eenzelne Bestellungen ob den Freibetrag (mengen 150€) obpassen, soss muss Du Taxen bezuelen.
Merci. Ech bestellen se (op englesch) iwwert amazon.de … do kascht et jo kee Porto, ech mengen et kënt dann op dat selwecht?
Bis elo hunn ech se och ëmmer just ’stéckelchersweis’ kaaft well ech sécher wollt sinn, dass se mer ëmmer nach gefällt
Jo, dat mat den Taxen hunn ech schon gemierkt! Dat nervt.
Also bei normalen CDen a Bicher rechent et sech schons. Kanns et jo einfach emol eng Keier bis bei den “confirm order” Knäppchen probeieren.
Also, ech hun di ganz Serie gelies an hun së immens fonnt. Iwwert de Schluss soen ech näischt (op ech lo begeeschter wor oder net), wéll dat wahrscheinlech scho ging eppes verroden.