Protokoll?
Hu grad kee Protokoll fir Falschparken bei Hand, mee villäicht wees dat een vun iech: steet um Protokoll, deen een kritt d’Faarw vum Auto drop?
Merci.
Categories: Perséinleches
Hu grad kee Protokoll fir Falschparken bei Hand, mee villäicht wees dat een vun iech: steet um Protokoll, deen een kritt d’Faarw vum Auto drop?
Merci.
Um Rappel steet just d’Nummreschëld wann ech richteg gekuckt hun.
Ok, Merci. Hunn an der Tëschenzäit erausfonnt, dass sie souwiesou Zougrëff op d’Donnéeën vun der Immatriculatioun hunn.
a schottland steet et drob.
an 70 Euro fir Falschparken ass relativ deier :-/
70€ ass effektiv vill. Dat ass gud ze wessen, am September steet nämlech en Schottland Trip un.
Ech krut en Protokoll vun 74.- well ech anscheinend op engem Zebrasträifen stung. Wat ech bestreiden. Ech man dat aus Prinzip net.
Hei woer nees eng Ierzenzielerin um Wierk, déi nees eppes fir d’Prime wollt man!
An sie kann sech no 5 Méint (!) nach genau drun erënneren. Jojo, sécher …
E Bréif hunn ech schon geschriwwen (an eng Äntwert kritt). Lo gët den zweeten geschriwwen.
Virun e puer Joër hat ech schon eng ähnlech Situatioun, wou ech awer dunn no 3 Bréiwer dann vun der Direction Générale de la Police endlech Recht krut. De Fall deemools woer awer och, vu menger Säit aus, e bëssen méi kloer an einfach ze beweisen …
Schau’n mer mal