Clever.
Anscheinend wëll den Armstrong den Andy fir säin neit Team rekrutéieren (awer net de Fränk well deen e Klotz um Andy sengem Been ass – wou ech dem Lance Recht ginn). Domadder giff en natierlech een groussen Konkurrent fir 2010 ausschalten (duerno hätt den Andy dann awer freie Bahn bei RadioShack)! A nëmmen mat engem Andy kéint hien villäicht den Contador schloen.
Den Andy misst sech halt een Joër gedëllegen, giff awer Tonne Frick verdéngen. A kéint sech dann 2011 den Titel huelen.
An dat permanent Gebridders geet mir perséinlech souwiesou e bëssen op de Coco. Den Andy hätt den Ventou kéinte gewannen, wann en net ëmmer op de Fränk gewaart hätt …
Categories: Luxembourg, Sport
Rezent Kommentarer