6.
An nach eng aal Lieblingsserie vu mir, déi verfilmt gët: The Prisoner.
Hei en Preview vun 9 Minutten:
Gesäit mol guer net sou schlecht aus. Genau wéi den Poster (de wäisse Ball ass nees do!) an den Logo, wou mer zumools déi subtil 6 gefällt!
Als Wüstenfan gefällt mer natierlech och d’Location vum Duerf!
ps. den “you only think you’re free” erënnert mech och un d’Debatt op den fräien Wëllen existéiert oder net …

Elo war ech bal entschlof während dem Trailer. Dat do as jo den absolute Supergau!
Si hunn awer och alles versch…. wat se nëmme konnten, et bleiwt absolut näischt méi vun der Substanz vun der original Serie iwwreg, dat do as einfach nëmmen Hollywoodkitsch. Nee, dat doen ech mer net un, da kukken ech léiwer meng DVDen vun der original Serie. Be seeing you…not.
Merci fir d’Warnung, Grommel.
Ech sinn awer par conter ganz gespaant op d’Serie!