Home > Photographie > Geotagging. Update.

Geotagging. Update.

Ech hat jo schon eng Kéier probéiert mech mam Geotagging ze beschäftegen, well ech de Prinzip einfach gut a praktesch fannen. Allerdëngs woer bis lo den Handling dovunner alles anescht wéi gut a praktesch!

Mee lo hunn ech en genialen Tool fonnt, wou een sech freet firwat dat net automatesch opmanst an ‘higher class’ Kameraen agebaut gët. Ech schwätzen vum Geotagger GT-01 vun Bilora (ca 90.-), deen een einfach op de ‘Blëtzschong’ vun senger DSLR (oder High-End Kompaktkamera) setzt .

Gëschter Owend séier ausprobéiert an et funktionnéiert perfekt.

Den Trick an Virdeel par rapport zu engem GPS-Tracker ass dass den Gt-01 just déi ‘raw’ GPS-Daten opzeechent, wann een eng Foto mëcht. An dat geet am Brochdeel vun enger Sekonn! Am Géigensatz zu den klasseschen GPS-Geräter, déi nom Aschalten ëmmer éiweg brauchen bis se dann wëssen, wou een lo en effet ass.

Well den GT-01 die raw Daten opzeechent, muss een natierlech spéider um PC déi Donnéen mat engem Server synchroniséieren, deen dann die wierklech, präzise GPS-Daten liwwert. Mee dat geet och ruckzuck. Duerno seet een dem Sync-Programm just nach wou die respektiv Fotoen stinn, déi hien dann remerkennt (duerch d’Auerzäit) an dann brauch een just nach ‘save’ ze drécken. Färdeg!

Den GT-01 kann d’Info fir bis zu 2000 Fotoen späicheren an den Akku hällt iwwert e puer Wochen.

A recommander!

About these ads
Categories: Photographie
  1. August 25, 2009 at 1:16 pm

    A wann een eng Foto mam Bletz maache well?

  2. August 25, 2009 at 1:25 pm

    Beim agebautenen Blëtz ass dat jo kee Problem. Wanns de en externen Blëtz brauchs, dann montéiers de den GT halt temporär erof, d’Software interpoléiert henno resp. du kanns et manuell dobäi maachen. Sou gët et och gemaach, wann een an engem Haus oder sou Fotoen mëcht, wou jo d’Satelliten och net ze empfänken sinn. Am bëschten ass et dann, et mécht een just virdrun resp. duerno eng quelconque Foto mam montéierten GT just fir henno eng approximativ Valeur ze hunn.

    Kee Problem also.

  3. Pol
    August 25, 2009 at 1:49 pm

    Wanns de kee problem hues de bletz manuel ze benotzen, keins de heimatt http://www.gadgetinfinity.com/product.php?productid=17041&cat=275&page=1 an http://www.gadgetinfinity.com/product.php?productid=16727&cat=275&page=1 de Mettenkontakt verduebelen

    (ech gi mol dervun aus das de Geotagger wei ee manuellen bletz einfach nemmen iwwert de Mettenkontakt ausgeleisst get…)

  4. August 25, 2009 at 1:50 pm

    Jo, et geet iwwert den Mettenkontakt.

  5. Luc
    August 27, 2009 at 11:54 am

    Gesäit gudd aus. Ech hun mech eben och schon gefroot ob ech mier esou eppes soll zouléen. Meng Fro ass nach, gin d’Donnéen an den normalen Exif/Metadaten fichier geschriwwen fir dass ech se dann och um Lightroom2 gesin. Iwwregens sin ech emmer méi begeeschtert vun Lightroom, daat ass wiirklech eng flott Geschicht matt direkten Plugin’en fir Picasa, Flickr, facebook etc. ech hun deemno elo keng excuse méi fir méi oft Fotoen online ze setzen…

  6. August 27, 2009 at 12:47 pm

    Jo, den Lightroom ass wierklech cool!

    Wat GPS-Donnéeën ugeet sou ginn déi an IPTC-Daten vun den Fotoen geschriwwen an kënnen doduerch och am Lightroom ofgefrot ginn.

    Lies der deen hei Artikel mol duerch: http://kwerfeldein.de/index.php/2009/08/19/geotagging-in-der-praxis-mit-markus-dollinger/

    Ech wäert den GT-01 a menger Vakanz lo engem grëndlechen Test ennerzéien! ;)

    An jo, setz mol Fotoen online!! :)

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.

%d bloggers like this: