De Carl Sagan woer en ziemlech bekannten amerikaneschen Astronom (ënner anerem) an huet extrem vill fir d’Populariséierung vun wëssenschaftlechen Themen op der Tele an den ’80er gemaach.
Lo huet een hien zum ‘Sangen’ bruecht. Ah, die Wonner vun der moderner Technik:
Mir gefällt et.
PS. Dësen ‘autotune’ Effekt gët och vill vun ‘richtegen’ Sänger benotzt, wat erkläert firwat der vill live sou Schrott sinn an een net méi wierklech muss sangen kënnen …
Kann ee mer erklären firwat souvill ‘normal’ Läit en Tipp verteidegen, deen zouginn huet en 13jähregt Meedchen vergewaltegt(*) ze hunn awer nie richteg dofir bestrooft gouff?
Oder ass dat usech keen Crime, wann een dat Meedchen henno finanziell dofir entschiedegt?
Ech soen lo net, dass en misst bis un säin Liewensenn an de Prisong, mee ech fannen et schon bizarre, wann d’Läit lo fir hien kämpfen, wéi wann hien e Märtyrer oder sou eppes wier … Egal wéi gutt oder schlecht seng Filmer sinn, hien bléiwt en Pädophilen Perversen/Gestéierten, deen als 44jähregen en 13 Joër aalt Meedchen voll gemaach an vergewaltegt huet.
Keen Kavaléiersdelikt a mengen Aan … ?
(*) Ok, ‘Sex mat enger Mannerjähreger gehat ze hunn’, mee dat ass kee Riesenënnerscheed a bléiwt egal wéi pädophil gestéiert, zumools wann een souvill méi aal ass.
Pour info: die aktuell Ausgab vum ‘Lëtzebuerger Land‘ huet eng Bäilag zum Thema Edukatioun, déi wierklech interessant an gutt gemaach ass. Sou kritt een mol en ziemlech breeden Iwwerbléck iwwert die aktuell Situatioun, an dat aus verschiddenen Bléckwénkelen.
Generell kann ech d’Land och, als national Wochenzeitung, nëmmen recommandéieren! Genau wéi d’Newsweek als international Wochenzeitung.
An et ass einfach eng Freed Artikelen offline, ouni Hyperlinks an ouni Animatiounen ze liesen, hehe. Fillt een sech richteg zen.
Den einfachste Wee fir ze wëssen, wéini et hei eppes Neies gëtt, ass fir den RSS-Feed z'abonnéieren (zB mam Google Reader)
_
Hei och nach d'Links zu mengen Tumbler Blogs: Nummer 1 an Nummer 2
Rezent Kommentarer