DE-CH-I.
Falls een un Landschafts-Fotoen aus menger Vakanz interesséiert ass an och wëll gesinn, wéi mäin Geotagger GT-01 funktionnéiert huet, sou kann en dat hei maachen. An den GT-01 usech kann ech nëmmen recommandéieren!

Categories: Perséinleches, Photographie
Wéi hues de den Problem mat der Zait synchronitéit vun Kamera an GPS Logger geléisst?
Erkennt dSoftware meiglech Verschiebungen? (unhand vun den Intervalen teschend de Fotoen?)
Oder einfach dAuer an der Kamera meiglechst prezis astellen?
Ech hunn einfach d’Auer vun der Kamera eng Kéier mat der Auer vum Geotagger synchroniséiert an de Recht geet vun alleng.
Den Geotagger späichert och just d’Donnéen, wann een eng Foto mécht! Et ass also net wéi bei engem GPS Tracker deen permanent (oder all x Sekonnen oder Minutten eppes späichert).
Lies der nach eng Kéier deen hei Post duerch: http://strawdog.wordpress.com/2009/08/25/geotagging-update/
Daat war mer scho kloer wei et funktioneiert,
hat just geduecht daat een genauen Ofglaich vun der Zait baim deem System net onbedengt nouwendeg wier, well den Tagger genau wei dKamera eenzel Momenter ophellt, an dofir all Foto – Positioun Puer deen selweschten delay misst hun..
Deemno kéint dZait astellung vun der Kamera ganz egal sen, soulaang se continu wier…
> Deemno kéint dZait astellung vun der Kamera ganz egal sen, soulaang se continu wier…
Dat kéint suguer stëmmen … sou dass den Problem och vun den Zeitzonen giff fort falen. Ech misst dat eng Kéier testen andeems ech express eng falsch Zäit op der Kamera astellen.