Giff dat wierklech ee wonneren?
Den italieneschen Geheimdëngscht soll Taliban bestach hunn fir dass déi die italienesch Truppen net ugräife giffen.
Domm nëmmen, dass keen dat de Fransousen gesot haat, déi, nodeem se den Territoire vun den Italienier iwwerholl haten an dovunner ausgegaangen sinn, dass en roueg wier, no kuerzer Zäit vun den Taliban an en sophistikéierten Hannerhalt gelackelt gouffen, an deem 10 vun hieren Zaldoten leie bliwwen sinn.
Mol gespaant, op die ganz Wourecht do je rauskommen wäert. vu dass de Berlusconi seng Hänn mat am Spill huet, ass dat net sou sécher …
Categories: Politik
Oh fréck, deen houre Berlusconi.
An der Newsweek haaten së ën interessanten Artikel mam Titel “Dump Berlusconi”.
Jo, muss deen nach liesen …
De Benito Berlusconi sollt en Nobelpräis kréien an net deen Ami do!
Dat ass dach absolut Genial. Amerika packt et net d’Taliban roueg ze kréien, se kéinten se einfach bestiechen.
An da bestiechen mer d’Israelien an d’Palästinenser. D’Suen dofir kréien mer, well mer jo keng Millitärasätz brauchen.
Ech verspriechen dat ech dat duerchsetzen. Kann ech lo mäi Nobelpräis hunn?
Nach net, mee schräiw hinnen mol.
Meng Theorie ass jo, dass déi Taliban all méi Sex brauchen, genau wéi dei jonk Moslemmen iwwerhaapt. Méi Sex, manner Drock, manner Aggressivitéit. An d’Attraktivitéit vun Jongfraen am Paradis geet dann och erof. Kéint een jo mol eng arabesch ‘Bravo’ eraus ginn, fir unzefänken, an die moslemesch Länner domadder iwwerschwemmen