République de bananes.

Ass jo nees krass, wat de Sarkozy rem opféiert … Plazéiert säi Béiwchen, 23 Joër a keen Unisdiplom, gär als Präsident vum Conseil d’Administration vun der EPGD. Firwat kann deen nët méi ënnen ufänken, vun experiencéierten Manager léieren an sech dann eropschaffen, wéi all die aner och? Firwat direkt Präsident?
Categories: Politik
wei domm ass de Sarko dann iwwerhat? en hätt em jo mol kennen ee gudden unis diplom besuergen, en 2 joer do schaffen loossen, an wann en en dann zum president gema hätt, matt 2 joer erfahrung an engem gudden diplom hätt keen mei eppes gesoot…
Als totalen Iesel soll ee besser dFanger vu Vetternwirtschaft loossen
“Firwat kann deen nët méi ënnen ufänken, vun experiencéierten Manager léieren an sech dann eropschaffen, wéi all die aner och? Firwat direkt Präsident?”
Firwat ennen ufänken wann een direkt vill Sue verdéngen kann?
Suen dierften jo awer net direkt e Grond sinn, vue seng Fra (Darty). Ech méngen et ass méi, dass Téinen a Posen an der Famill läit.
ps. ech sinn erstaunt, dass d’Carla nach ëmmer net schwanger ass.
Wees net ob’s du dat elo express esou geschriwen hues, mee op Franzéisch heescht dat richteg “République bananière”.
Denen get et net nemmen em d’Geld (och wann dem Sarko-junior sech bestemmt net well soen loossen, dass en vum porte-monnaie vun senger Fra lieft) mee einfach nemmen em Muechtgäilheet.
Express sou geschriwwen, mee Merci trotzdem