Elektronesch Bicher.
Elektroneschen Bicher/Zeitungen gelëngt eréischt den wierklechen Duerchbroch mam dem TabletPC vun Apple (an dem Verkaf vun e-books iwwer iTunes). Wetten?
Categories: Literatur, Wired world
Elektroneschen Bicher/Zeitungen gelëngt eréischt den wierklechen Duerchbroch mam dem TabletPC vun Apple (an dem Verkaf vun e-books iwwer iTunes). Wetten?
Ass net auszeschléissen, datt d’Charge nees bei Apple leit, fir den Duerchbroch ze packen. Woubei mir den Kindle vun Amazon nawell gefällt, just datt een momentan nach nëmmen englesch Literatur ze kafe kritt. Wann dat op déitsch a franséisch ausgebaut gëtt, denken ech, datt ech mir sou e Spillgeschirr zouleen wert.
den Jobs keint de beduinen an der Sahara Sand verkaafen, dee wier dann bessen mei schein wei deen normalen, geif iSand heeschen an wier e bessen mei deier wei deen normalen Sand
Schlechten Verglach.
Also wann den Tablet esou sollt ausgesinn, fänken ech un mat Spueren.
Mä och dann wert ech keng e-Books liesen. Ech kann mech einfach net domatter ufrënden honnerte Säiten op engem Schierm ze liesen. Meng Aan ginn vill ze séier midd fir mech een Owend gemütlech dohinner ze setzen an 500 Säiten op engem Bildschierm ze liesen.
Jo, wann den Tablet mech wierklech iwwerzeecht, da kafen ech och een!
An och wann en d’Bicher net ganz ersetzen wäert, sou kéint ech mer virstellen per Tablet meng Newsweek ze liesen, gemittlech op der Couche. Oder mat enger iTunes LP ze spillen. An duerno bëssen ze surfen, an dann eng Serie ze kucken …
huet dann een vun iech emol sou een EInk display an der Hand gehaat? sen dei besser fir ze liesen?
Ech hunn eng Kéier sou eent an England an engem Bicherbuttek gesinn, mee ech woer net esou iwwerzeecht. D’Technik ass menger Meenung no nach net ausgeräift. Text usech ass awer ganz agreabel ze liesen, bal wéi an engem Buch (obwuel e Buch aus Pabéier méi Charme huet). Mee den Reader (deen vun Sony) huet primitiv gewierkt, d’Bliederen woer lues, etc. Wann ech mech gutt erënneren, sinn Grafiken och net super duergestallt gewiescht.
Den Nodeel vun aktuellen Computer/Telefon-Ecran’en ass jo, dass se d’Aan jo méi ermidden wéi Text op Pabéier oder eInk. Ech hoffen, Apple léisst dee Problem elegant. Si keen Spezialist, mee ass OLED eng Léisung?
Ech wees emol aus enger Sait vun engem Entweckler deen eng Presentatioun bei Apple haat (an dei enner aanerem een Tablet PC vun Apple wollten) dass Apple net un Tablet PC’s interesseiert ass. Zumindest net fir den Moment…
Den Marché wier nach ze kleng an ze speziell.
Hm, ka sinn mee ech mengen net, dass dat nach die aktuellst Informatiounen sinn
An der Tëschenzäit werkelen se doudsécher un engem an de Marché wäert och do sinn, wann se bis en Produit bréngen.
An sot den Jobs net, dass sie un *Netbooks* net interesséiert wieren?