Sinn d’Englänner wierklech sou ignorant?
Dat kéint een op alle Fall mengen, wann een dëser Emfro gleewen kann.
54% ass en erstaunlech héijen Prozentsaz. Zumools an sou engem sekulären Land!?
Mee wahrscheinlech ass et just, well Kreationismus méi einfach ze verstoen ass: *poof* d’Welt gouff erschaffen! Op lo vum Bibelgott, vum Lord Voldemort, dem Brahman oder soss engem wäert wuel zweetrangeg sinn. Haaptsaach einfach. Et wëll een d’Gehir jo nët missen ustrengen …
Mee villäicht ass d’Emfro jo och einfach net wierklech repräsentativ? Oder d’Fro ass schlecht/suggestiv gestallt?
Categories: Religion/Philosophy, Wëssenschaft
Mech giff interesséieren esou eng Emfro aus Letzebuerg ze gesinn. Ech sinn net iwerzeegt, dass d’Resultat grawéierend verschidden wär.