athome.lu, amateur hour.
athome.lu ass wierklech en immens professionellen Site.
Zur x-ten Kéier ass hier Datebank duercherneen. Sou kënnt eng Frëndin lo zb net méi un seng eegen Annonce fir déi ze modifizéieren, mee duerfir un 8 anerer, déi net seng sinn. Déi kéint hat lo änneren oder suguer suppriméieren.
Op Nofro hinn seet irgendeng gelangweilten Sekretärin, dass sie technesch Problemer hätten (nee, serieux? ass jo mol eppes neies), dass en Techniker giff druschaffen, an een wgl näischt sollt änneren oder läschen, wat net säin eegent wier. Natierlech net, mir si jo keng Drecksäk, mee quand-même … ‘protection des données’ an sou … alt gutt, dass se bei hierem Bezuelsystem iwwert d’Cetrel* fueren, well bei hinnen selwer wieren déi Donnéeën jo wuel den Owend schon am Internet fräi zougänglech …
Ech hat mer vun engem internationalen Réseau (athome) méi erwaart. Zumools een jo fir hieren ‘Service’ bezillt.
Rezent Kommentarer