Soundtrack?
Ech misst eng Foto-Slideshow (10 min) mat Musek ënnerléeën. Wees een villäicht e Site, wou een sech sou (am beschten instrumental/generic) Musek gratis zesummenbastelen kann? Vun mir aus och eng Schleif, déi sech widderhëllt. Oder huet soss een eng Iddi, wéi een sou eppes ugeet?
Villäicht wier och Filmmusek eng Optioun, an déi Titelen sinn jo och oft méi laang …
All Suggestioun ass awer wëllkomm!
Update: mengen ech exportéieren d’Slideshow (ouni Musek) aus dem iPhoto als Quicktime an importéieren de Fichier dann an den iMovie, wou een dann anscheinend mat der Musek méi flexibel ass … ?
Categories: Musek, Perséinleches
wanns de sws een quicktime draus mechs da setz an an den grageband a bastel der puer loops zesummen als soundtrack
Kucke mer den Garageband dann och mol un, Merci. Si grad vum iMovie faszinéiert … hunn béid Programmer am Fong nach nie wierklech benotzt. Ass jo genial, wat déi kënnen …
Hätt och Garage Band geduecht. Fir soueppes wei dat doten genee richteg.
Huet den Garageband dann sou par défaut Stécker, déi een loopen kann an sou? Oder muss een wierklech bei Null ufänken resp. e puer Stécker ‘zesummenstitchen’ fir halt op déi 10 Minutten Soundtrack ze kommen? Merci
Stitching!
Op CCmixter.org kanns de der dausenden vu Loops eroflueden. Een groussen Deel dovunner sinn och schon a Remixen verwend ginn. Lount sech op alle Fall, e bëssen do ze stöberen. Soss hues de nach Jamendo, wous de praktesch fir alles een Lidd fënns (do fënns de och souguer Soundtracken vun Indie Filmer).
Merci alleguer! Ech kucke mer déi Saachen mol un
Stitching? hei geet et net em pano fotoen
Garageband erklärt sech baal vum selwen, aus der Librairie hells de deng loops, an kanns se dann an de spueren uneneen hänken, oder wiederhuelen (uewen zeihen oder ennen zeihen).
Blo loops sen audio dateien, grenger sen midi, dh du kanns och nach dInstrument änneren etc
GB ass wierklech ee genial einfacht Musiktool um Mac
Ech duecht den Stitching wier op d’Zesummenpächen vun den Loops bezunn?
Soit. Die iLife Programmer sinn en effet pas mal (jo, sinn Spätzünder)! Zumools se jo einfach sou gratis beim OS dobäi sinn.
du gess leiwer vill Geld aus
?
Uh, nee, usech net … Ech hu bis lo just nach keng Programmer an deem Genre gebraucht.