Vill Suen.
Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.
(via)
Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.
(via)
Net schlecht. Freedefeier loosse méch ëmmer zimlech kaal, mee dat dote wirkt genial.
Wann ee Goss zevill huet…
Idem hei.
Ech fannen et zimmlech “blöd” hei direkt ze soen et wiere Suen aus der Fenster geschmass. Natierlech hätten se zum Beispill eppes kënnen spenden oder d’Suen an d’Bildung stiechen oder wat wees ech, mä Fakt ass, et sinn hier Suen an se hun domat hier Staad verschéinert. Zumols Dubai gëtt jo nogesot datt et en Horror ass do ze liewen, well alles nëmmen eng riesen Baustell vu Bürosgebeier ass. Esou eppes wéi dat doten schengt also definitiv eng Demande ze hunn, fier iergendwéi e bëssen Kultur oder soss Liewen an Dynamik an d’Landschaftsbild vun der Staad ze kréien.
Wann alles nëmmen an noutwenneg, “ethesch korrekt” (komeschen Begrëff deens de do gewielt hues an desem Kontext) an wirtschaftlech profitabel Saachen géing investéiert ginn, da wier et awer eng ganz elle Welt.
federico:
> komeschen Begrëff deens de do gewielt hues an desem Kontext
wat ech domadder soen wollt ass, dass natierlech ëmmer een kéint kommen a kéint soen, dass een mat deenen Suen hätt Läit ernieren kënnen, oder ausbilden, etc.
et ass jo schon, an engem gewëssen Kader an vue die aner Situatiounen, dekandent. mee awer och flott ze kucken, an du hues natierlech och net onrecht, wann s de sees, dass dat e bëssen Kultur etc dohinner bréngt.
wei alles am Liewen huet et Saachen, déi dofir schwätzen an Saachen déi dogéint schwätzen …