Werther.
Am Kader vun Suiciden vun berühmten Läit gët jo oft drop higewiesen, dass een dat nëmmen net allzevill thematiséieren soll well dat jo souvill Läit och zum Selbstmord motivéieren giff …
Wéi sou vill Theorien ass awer och déi wuel net perfekt.
Villäicht ass jo net d’Behandlung vum Thema usech de Problem, mee méi, dass den Selbstmord soit romantiséiert oder heroiséiert gët. Oder dass sou en (spektakulären) Selbstmord op eemol deem eegenen, klengen Liewen (natierlech posthum) e wéineg Gréisst oder Bedéitung gi kann.
Wann et schon nët bei ‘The Next Superstar’ geklappt huet, dann en spektakulären Selbstmord als die ultimativ ’15 minutes of fame’? Wat natierlech nëmmen funktionnéieren kann, wann d’Medien dat ënnerstëtzen.
Fir awer lo labil Läit vun esou ofweegegen Conclusiounen wegzehalen, missten d’Medien den Selbstmord als dat portraitéieren wat et ass: en trauregt, tragescht Event, dat nach vill méi traureg an tragesch Konsequenzen fir die Hannerbliwwen mat sech bréngt. En Selbstmord ass näischt ‘cooles’. A keng Léisung. Eischter en Opginn.
Rezent Kommentarer