Gedanken zu apps, micropayments an eCommerce am Allgemengen.
Et ginn jo Läit, déi beschwéieren sech iwwert Apps oder den AppStore. Ech verstinn awer net ganz firwat. Well et get jo keen gezwongen, se ze kafen. Wann se dann iwwerhaapt eppes kaschten.
Ech fannen Apps eng wierklech flott, an oft praktesch, Saach. An en immens gudden Moyen fir kreativ Läit et ze erméiglechen fir vun hierer Kreativitéit liewen ze kënnen. Wann se dann eng gutt Iddi hunn an se och gutt emsetzen kënnen! Wou, oder wéi, soss kann een mat engem Spill oder soss enger Applikatioun, déi een fir e puer Euro verkeeft Honnertdausenden vun Euro verdéngen? Ech giff soen néirens.
Micropayments kënnen also funktionnéieren an béid Säiten, dem Verkeefer an dem Keefer, eppes bréngen. Dem Verkeefer Suen mat deem en liewen kann an dem Keefer en Qualitéitsproduit (wou bäi Goûten natierlech ënnerscheedlech kënnen sinn!). An Qualitéit muss ëmmer bezuelt ginn. Soit vun engem selwer (duerch Zäit an/oder Suen), soit duerch Reklammen. An da bezuelen ech perséinlech léiwer eppes, wéi dass ech vun Reklammen bombardéiert ginn (d’Reklammen erauszefilteren ass ähnlech wéi wann een eppes giff klauen – an kontraproduktiv à la longue, well Qualitéit net gratis hierzestellen ass – wann een net schon duerch aner Saachen finanziell ofgeséchert ass).
Duerfir sinn ech och zB bereet fir Musek, Filmer, eBooks an Qualitéitsjournalismus online ze bezuelen. Ennert zwou Konditiounen: (1) d’Präisser mussen raisonabel sinn an (2) d’Bezuelen einfach.
Zu (1): et geet net, dass digital Versiounen sou déier sinn wéi physesch Objeten. D’Vervielfältegen vun digitalem Contenu kascht jo näischt. En plus fällt Verpackung an Transport fort. Also däerf een d’Läit och net fir blöd verkafen an de Präis muss einfach gesenkt ginn. En plus gët jo all Mënsch mat engem Internetuschloss zum potentiellen Client, duerfir kann een jo, theoretesch, x mol méi verkafen.
Zu (2): ech well net ëmmer rem missen meng Kreditkaart uginn oder mech soss irgendwéi registréieren. Bitt Paypal un! Oder vu mir aus och AmazonPayments. Mee et muss einfach sinn. Ee Passwuert, färdeg. Ech hunn dat och schon x ONGen oder gewëssen Siten gemailt, déi zu Spenden fir sech opgeruffen. Baut keng Hürden an. Mat engem Klick muss dat gedoen sinn.
En plus, wann ech fir eppes bezuelen muss, da ginn ech och nees méi selektiv. Ech maache mer Gedanken op ech dat lo wierklech wëll, brauch oder och nëmmen iwwerhaapt gutt fannen. Trotzdem erlaben ech mer awer souvill Fräiheet fir fir d’éischt ze testen op ech eppes gutt fannen éier ech et kafen. Bei Amazon kann een via Kindle App dat éischt Kapitel vun engem Buch downloaden an dann reischt decidéieren op een dat ganzt wëll kafen. Fannen ech super. Ass jo ähnlech, wéi 30 Sekonnen Musik ulauschteren. Bei Serien fannen ech misst par defaut déi éischt Episode gratis sinn. Bei Filmer villäicht déi eischt Véirelstonn.
Och fannen ech et richteg fir Läit fir hier (gutt) Aarbecht ze bezuelen. Mir schaffen jo och net gratis.
Wann awer lo zB een mir d’Méiglechkeet net gët fir eppes direkt online ze kafen, aus wat fir engen Grënn och ëmmer, da ginn ech jo quasi gezwongen fir illegal Methoden ze gebrauchen. Wéi zb, dass ech mer muss amerikanesch Serien illegal eroflueden well ech se net legal online kafen kann. Awer dat ass eng ‘Nout’situatioun. Normalerweis, an ënnert deen uewen erwähnten Konditiounen, sinn ech bereet fir ze bezuelen. Ech muss een mir just, oder opmanst awer, d’Méiglechkeet ginn.
Op der anerer Säit gi mer Freeloader, zumools därer, déi et sech leeschten kéint fir ze bezuelen an déi selwer och net fir lau schaffen, ëmmer méi op d’Nerven mat hierer kannerecher Attitüde, dass sie alles (mir schwätzen vun Entertainment an ‘Luxusartikelen’ hei) missten gratis kréien.


Rezent Kommentarer