Archive
The view from Heaven.
Nach en genialen Tiltshift-Video:
eBook Präisser, wtf?
Wéi ass et ze rechtfertegen, dass d’Hardcover Editioun vun engem Buch $23.10 kascht an d’Kindle Versioun $24.44??
Big Akh.
Dubai ass wuel mat déi am ‘beschten’ video-iwwerwaachten Stad vun der Welt. Doduerch ass et hinnen och relativ einfach gefall fir die läscht Preparatiounen fir de Mord um Mahmoud al-Mabhouh duerch e Grupp vun (wahrscheinlech, ween och soss) Mossad-Agenten akribesch nozetracéieren.
A wéi schon am Link mam Video geschriwwen gët: it is like watching ‘Munich’. But for real.
Ass scho krass wat fir eng Mass vun Video-Donnéën an relativ kuerzer Zäit zesummengestallt konnten ginn …
Big Akh is watching you indeed.
Bill Gates on energy.
Interessanten TED Speech vum Bill Gates zum Thema Energie an Klimawandel:
eZeitungen.
Genau sou sollen déi ausgesinn*:
An da ginn suguer Reklammen nees interessant. Oder opmanst cool. En Auto an enger Reklamm em 360 Grad dréinen ze kënnen huet jo awer schon eppes. An jo, ech wees, den Neiegkeetseffekt hëllt och do nees of. Mee trotzdem, et ass definitiv en plus-value a besser wéi eng statesch Reklamm.
* Jo, et ass eng Flash-Applikatioun an jo, sie gesäit gutt aus. A vue dass se jowuel mam CS5 wäert gemaach sinn, kënne se d’Applikatioun einfach als iPhone App ofspäicheren an doduerch op dem iPhone/iPad un d’Lafen kréien. Ech wier definitiv bereet fir esou eng eZeitung ze bezuelen.
Rezent Kommentarer