Posted on February 21, 2008 by strawdog
echhatjoschonndësleschteppeszumthemaalmanuskriptergeschriwwenawateesechan
deemkontextoftnetbewosstasseweiderenaspektdeenoftvergiessgëttassdattdidokum
enterdeemoolsausgesinnhuweideentextheikenggroussoderklengschreiwungkengesp
acenakenginterpunktioundatassschwéierfirzeliesenanochschwéierfirfeelerfräizekop
éieren.
Doduerch entstinn natierlech och Situatiounen, wou et net kloer ass, wat da lo gemengt ass. Sou am Genre vun: ‘godisnowhere’. Heescht dat lo ‘God is now here’ oder ‘God is nowhere’? Natierlech hëlleft de Kontext oft fir de Sënn vum Saz ze ermëttelen, mee halt net ëmmer.
Hei sinn zwee Manuskripter fir z’illustréieren, wéi dat sou [...]
Filed under: Artikel, Geschicht, Literatur | 2 Comments »
Posted on January 24, 2008 by strawdog
Ech brauch heiandsdo net vill fir eppes interessant oder faszinant ze fannen, oder anescht ausgedréckt, ët faszinéiert mëch fir dat Alldeeglecht ze hannerfroen … Sou wuel och am Fall vun eisem Kalenner an eisen Wochendeeg. Deren hier Bezeechnungen jo wäit an d’Vergaangenheet zeréckräichen, definitiv heednesch sinn an die trotz Christianiséirung iwwerliewt hunn. Dat ass lo [...]
Filed under: Artikel, Geschicht, Gesellschaft | 7 Comments »
Posted on January 16, 2008 by strawdog
Mir huelen sou villes als sou normal an selbstverständlech, dass et heiandsdo ‘mind-blowing’ ass, wann een sech drun erennert, oder versicht virzestellen, wéi et fréier war.
Huelen mer Bicher. Am Zäitalter vun PDFen an E-Mailen vergësst een séier, dass Bicher an all Zort vun Text bis virun net all ze laanger Zäit (15. Jht) ALL hunn [...]
Filed under: Artikel, Literatur, Religion/Philosophy, Wëssenschaft | 6 Comments »
Posted on December 17, 2007 by strawdog
Verschidden Läit, oder och vill Läit, behaapten, dass eng Ofdréiwung emmer Mord ass. Mee mussen een dann net och, e bessen iwwerspëtzt formuléiert, der Logik no Abstinenz an Verhütung als Mord un zukünftegen Mënschen gesinn?
Generell sinn d’Läit jo fir den Erhalt vun mënschlechem Liewen, an gëint d’Beennegung vun mënschlechem Liewen duerch Force. En Deel vun [...]
Filed under: Artikel, Gehir, Religion/Philosophy | 12 Comments »
Posted on December 10, 2007 by strawdog
Eng Fro, déi mëch emmer schon irgendwéi faszinéiert huet, ass op Déieren sech hierer sëlwer, méi oder manner, bewosst sinn oder op se just am Fong eng Zort raffinnéiert Roboter oder Zombien duerstellen: Maschinnen oder Wiesen, déi drop programméiert sinn, einfach just op hier Emwëlt ze réagéieren (natiirlech kann een sech dat selwecht zum Deel [...]
Filed under: Artikel, Gesellschaft, Natur, Religion/Philosophy, Wëssenschaft | 7 Comments »
Posted on December 1, 2007 by strawdog
Nach eppes zum Thema Euthanasie:
Selon Madame Frank ass jo den Haaptproblem bei den Euthanasie, wann een hier an deem Interview genau nolauschtert, jo dass net hieren Gott décidéiert, winni een stierwt, mee mir sëlwer. Mir setzen eis jo iwwert hieren Gott, maachen deen angeblechen Allmächtegen deen Moment impotent an féieren EISEN Wëllen aus an net [...]
Filed under: Artikel, Gesellschaft, Luxembourg, Religion/Philosophy | 4 Comments »