Archive

Archive for the ‘Design’ Category

SpON Relaunch.

August 19, 2009 4 comments

Sinn ech frou, dass ech AdBlocker hunn! Meng Aan giffe jo Kriebs kréien

An ech wees, dass et net fair ass fir Reklammen ze blocken well ech kréien jo gratis Qualitéitscontenu (oder dat sollt et mol op alle Fall sinn). Mee die Reklammen dinn mech optesch katzen. Fairnesshalber wier ech bereet fir tëschent 3 an 5 Euro pro Mount ze bezuelen (iwwert en einfachen System! PayPal oder sou) fir eng Versioun ouni Reklammen ze kréien.

Categories: Design, Wired world

Inkompetent Designer.

August 16, 2009 Leave a comment

Den Redesign vun dem Klasseur mat den Autopédestren ass NULL.

Nummeren si verschwonnen, eng Iwwersiichtskaart, wou een giff gesinn wat fir Touren wou sinn, och. A mol keng verschidden Faarwen fir die verschiddenen Regiounen. A fir d’Kaarten henno rem op die richteg Säit ze klasséieren ass och egal wat: et muss een fir d’éischt kucken, zu wat fir enger Regioun den Tour gehéiert, dann wou die jeweileg Regioun am Klasseur ufänkt (wéi gesot keng Faarwennerdeelung!), an dann dem Alphabet innerhalb vun där Regioun no. Wat woer dat einfach mat enger laafendener Nummer!?

Den Héichtenprofil anerersäits ass en gudden Ajout.

Trotzdem kritt Editions Binsfeld lo mol en Mail geschéckt.

Categories: Design, Luxembourg

Vegetal City.

August 16, 2009 2 comments

07_bz

Woer lo gëschter zu Bréissel an hunn endlech dës Ausstellung gesinn: Vegetal City (vum Luc Schuiten).

Brilliant! Ech kann se nëmmen jiderengem recommandéieren deen sech fir Architektur an/oder Futurismus a Punkto Stadt-Design interesséiert. Seng Zeechnungen sinn fantastesch an seng Iddien wéi Stied kéinten an Zukunft aussinn sinn extrem poetesch, voire magësch. Natierlech sinn et Utopien, mee duerfir sinn se jo sou attraktiv. Gewëss Aspekter dovunner, zumools natierlech déi die d’Integratioun vun der Natur betreffen, kéint een awer en effet beim Design vun de Stied méi consideréieren.

(Ech sinn frou, dass Lëtzebuerg schon vun sech aus sou eng grëng Stad ass.)

An engem Interview sot hien och, dass d’Globalisatioun nët nëmmen zu enger Diminutioun vun der biologescher Artenvielfalt féiert, mee och zu enger architektonescher. D’Stied ähnlechen sech ëmmer méi, lokal Eegenvarianten ginn ëmmer méi rar. A Recht huet en. Leider.

D’Ausstellung leeft nach bis den 30. August.

06_az

01_az

02_az

Alice.

July 25, 2009 3 comments

Den eischten Trailer fir dem Tim Burton säin ‘Alice in Wonderland’ ass eraus.

Meng Reaktioun ass gemëscht. Op der enger Säit fannen ech den Design vum Film cool, op der anerer Säit ass et e bëssen zevill ’schlechten CGI’ … dat misst een an der Tëschenzäit dach besser kënnen?

Ech wäert en wuel awer kucken goen.

Categories: Design, Film, Video

Holmes.

June 24, 2009 7 comments

D’Pousteren fir den neien Sherlock Holmes Film vum Guy Ritchie gesinn schon mol top aus. Sinn allerdëngs op de Film selwer gespaant, well dat ass beim Guy Ritchie sou eng Saach …

holmes

Categories: Design, Film

Kannergebuertsdag.

March 26, 2009 8 comments

Ech froen mech jo, wéivill EU-Gelder an den ‘Design’ vun deem absolut schrottegen, debilen an infantilen Logo vun der tschechescher EU-Presidence gefloss sinn:

eu-2009-cz

Well sou eppes hätt jo en Kand kéinte man. Suguer en mannerbemëttelt.

Hiere Site ass net besser.

Erënnert mech och grad un e Buch wat ech liesen: ‘Big Babies. Or why can’t we just grow up?‘ (e puer Thesen an deem Buch fannen ech iwwerdriwwen, mee generell sinn d’Reprochen mol guer net sou falsch).

Categories: Design, Politik