Wéi ët ausgesäit, a wann een dem Asseljhang seng Drohung eescht däerf huelen, dann wäert d’Mady jo weider wuerschtelen däerfen.
Vive de Bildungschaos an vive de weideren Dénivellement vers le bas! Diplomer (déi nët méi vill wäert sinn) fir jidereen! Hurra!
An ech bléiwen bei menger Meenung, dass et bësser ass ze kucken, fir déi, die Schwieregkeeten hunn materop ze zéien, wéi die aner kënschtlech ze bremsen oder suguer erof ze zéien. An die clever Schüler, oder déi, die d’chance hunn clever/motivéiert Elteren ze hunn, wäerten trotzdem ëmmer besser sinn. Enner anerem och well se doheem gefuerdert an gefördert ginn!
A stëmmt dat, dass een elo an der Primärschoul die éischt 2-3 Joër schräiwen kann, wéi een wëll??? Dat ass jo ridicule. An dat versprëcht jo fir d’Reform vum Secondaire … wou een jo souwiesou schon drop an dowidder kompenséieren kann?
Disclaimer: verstitt mech lo net falsch, ech sinn net per se géint d’Lasep, sie hunn och verschidden gutt Iddien op aneren Pläng. An ech wees, dass d’Edukatioun en komplext Thema ass an dass eise Bildungssystem muss reforméiert ginn. Awer net egal wéi. Ech misst mech och mol méi mam neie Lycée beschäftegen. Dee schéngt e puer wierklech interessant Usäz ze hun.
Rezent Kommentarer